Wärend sech a ville Beräicher um groussen Ecran a puncto Representatioun vu Minoritéiten eppes gedoen huet, geet et hei nëmme lues virun.

Am Film "Sound of Metal", deen a 6 Kategorie fir en Oscar nominéiert ass, geet et ëm e Rock-Drummer (Riz Ahmed), dee säi Gehéier verléiert. Donieft spillt en daf-blannen Acteur an engem Oscar-nominéierte Kuerzfilm d'Haaptroll. Op der Shortlëscht ass ausserdeem den Documentaire "Crip Camp" ze fannen, an deem et ëm e Summercamp fir Jonker mat engem Handicap geet.

Et ass e wichtege Schrëtt, dass dës Produktiounen d'Opmierksamkeet vun der Academy kritt hunn. Domat gëtt nämlech d'Thema Behënnerung zu Hollywood an de Fokus geréckelt, wat an der Filmindustrie nach e bësse feelt. Bis ewell hätten d'Hollywood-Studioe kee gudde Job gemaach, seet de Paul Raci, dee fir seng Nieweroll am "Sound of Metal" nominéiert ass. Dem Acteur seng Eltere sinn daf an hie selwer leit och ënner Problemer mam Gehéier. Hie wëll sech dofir staark maachen, dass all déi Kënschtler mat engem Handicap, "déi all Genië sinn", net vergiess ginn. Et wier net déi éischte Kéier, dass an der Branche géif probéiert ginn, an dëser Saach virunzekommen. An awer géif een dann ze dacks erëm zréck an al Gewunnechte falen.

Präisser fir behënnert Kënschtler sinn d'Ausnam

E grousse Schratt no vir gouf 1987 gemaach, wéi mam Marlee Matlin eng daf Kënschtlerin den Oscar fir déi beschten Actrice a "Kinder des Schweigens" gewonnen hat. Auszeechnunge fir behënnert Schauspiller sinn awer éischter d'Ausnam bliwwen. Fortschrëtter goufen dogéint bei der Duerstellung vun ethnesche Minoritéiten an der LGBTQ-Grupp um groussen Ecran gemaach. "Behënnert Persoune sinn dacks déi lescht vun den ënnerrepresentéierte Gemeinschaften", seet och den Doug Roland. Hien ass de Regisseur vum Oscar-nominéierte Kuerzfilm "Feeling Through", an deem den daf-blannen Acteur Robert Tarango d'Haaptroll spillt.

De Realisateur wëll mat dësem Film, Mënsche mat enger Behënnerung eng Stëmm ginn. An der 
Ënnerhalungsindustrie ass dëst e besonnesch schwéiere Kampf. "D'Virurteeler sëtze ganz déif", sou den Doug Roland. Behënnerter géifen dacks als "mannerwäerteg" a souguer bal "ënnermënschlech" ugesi ginn. "D'Leit hunn Angscht virun deem, wat se net kennen oder se fille sech bedréit", seet och de Paul Raci.

Den Accès zu Dréiaarbechte wier fir Kënschtler mat engem Handicap, déi blann sinn oder am Rollstull sëtzen, schwiereg, schonn eleng, well et um Equipement feele géif. Hollywood-Stare wéi d'Amy Poehler an d'Naomie Harris hu grad en oppene Bréif un d'Studioe geschéckt an deem si fuerderen, dass Spezialiste aus dem Beräich agestallt ginn, fir dës Barrièren aus dem Wee ze raumen.

Ee Versuch, fir d'Saachen ze änneren, hat de Schauspiller Nic Novicki 2013 ënnerholl, andeems hien e Filmpräis an d'Liewe geruff hat, bei deem d'Viraussetzung war, dass op d'mannst ee Member vun der technescher Crew oder der Besetzung eng Behënnerung hätt. Hie selwer leit ënner enger Form vu Klengwüchsegkeet. "Wéi ech ugefaangen hunn, ware mir wierklech ënnerrepresentéiert." Hien hätt et net kéinten erdroen, dass him Rollen ugebuede goufen, déi sech vum Contenu hier just op seng kleng Gréisst beschränkt hätten.

Och op der Shortlëscht fir d'Oscaren dëst Joer steet den Documentaire "Crip Camp", produzéiert vun der Firma, déi de Barack an d'Michelle Obama gegrënnt hunn. Dora geet et ëm ee Summercamp fir jonk Leit mat enger Behënnerung, deen an den 1970er Joren an d'Liewe geruff gouf. Dës Struktur huet eng entscheedend Roll bei der Verdeedegung vun de Rechter vu behënnerte Mëschen an den USA gespillt.

"Dat ass ee vun de schéinsten an inklusiivste Filmer, déi ech kennen", seet den Nic Novicki a lueft d'Aarbecht vum Co-Regisseur James LeBrecht, deen am Rollstull sëtzt. D'Zuel u Mënsche mat enger Behënnerung läit weltwäit bei honnerte vu Milliounen. "Déi gréisste Minoritéit deemno", sou den Acteur, deen der Meenung ass, dass si an de Filmer, déi Plaz musse kréien, déi hinnen zousteet.