"Maret" ass der Lëtzebuerger Realisatrice Laura Schroeder hiren drëtte Long-Métrage.

Dem Produzent Vincent Quénault no hu si viru 4 Joer ugefaangen, um Film ze schaffen, elo goufen déi lescht Zeenen zu Hamburg gedréit.

Et ass nämlech eng Koproduktioun tëschent Däitschland a Lëtzebuerg. Gedréit gouf awer och op der spuenescher Insel Lanzarote. Am Film geet et nämlech ëm d’Maret – gespillt vun der Däitscher Actrice Susanne Wolff – wat e groussen Deel vu sengen Erënnerunge verléiert an an eng Klinik op Lanzarote geet an der Hoffnung, dass si him do kéinten hëllefen, sech rëm z’erënneren.

Der Ekipp no wieren d’Dréiaarbechten op der Vulkaninsel immens gutt gaangen, ënner anerem well si gréisstendeels bausse gefilmt hunn a soumat de ganze Wirbel ëm d’Pandemie fir 18 Dréideeg konnten hannert sech loossen. Zeréck zu Lëtzebuerg ass d’Stëmmung par contre rëm méi ugespaant gewiescht.

E Film an dräi verschiddene Länner ze dréien, ass ni einfach. Ma grad an Zäite vun enger globaler Pandemie ass d’Reesen ëmsou méi komplizéiert, well all Land seng eege Covid-Reegelen a -Restriktiounen huet. Weider gëtt et lo op all Filmset e sougenannte "Référent COVID", deen, zesumme mat senger Ekipp, dofir suergt, dass all Mënsch um Set sech un d’Reegelen hält an all Woch den obligatoreschen Test mécht. Sou kruten och mir direkt mol d’Temperatur gemooss, wéi mir op de Set koumen, hu mussen d’Mask wiesselen an e Schnelltest maachen.

Fir eise Reportage ware mir op de Set vu "Maret" an hu bei der Ekipp nogefrot, wéi sou een Tournage an Zäite vum Covid-19 ofleeft.