Et hat een 2020 wéinst der Pandemie eng Koschtstee missen ofsoen. Kënschtler aus der Abteistad hate Wierker zugonschte vun der Kriibsfuerschung gespent.

Déi 31 Tableauen a Sculpturen hu missen 1 Joer laang op d Säit geluecht ginn, éiert se elo dëse Mëttwoch um 19h am Trifolion endlech ënnert den Hummer kommen!

Mir waren bei de Preparatiounen dobäi, op Echternach.lu fënnt een de Katalog, et sinn och nach vill Plazen fräi.

Umelle kann ee sech op televie@echternach.lu oder um+352 72 92 22 25