A Frankräich gëtt et eng Initiativ, déi d'Laude vu Kiercheklacken als immaterielle Patrimoine wëll klasséieren. Soll dëst och hei am Land geschéien?

Um Sonndeg hutt Dir vläicht schonn eng héieren: eng Klack, déi gelaut huet. E Klang, deen zum Tounbild vun Dierfer a Stied gehéiert, mä ëmmer méi seelen ze héieren ass, och well eng Partie Kierchen a Kapellen desakraliséiert ginn. A Frankräich gëtt et eng Initiativ, déi d'Laude vu Kiercheklacken als immaterielle Patrimoine wëll klasséieren. Ob dëst och soll hei am Land geschéien, dës Fro stellt sech.

Patrimoine Kiercheklacken / Reportage Roy Grotz

An déi Fro stellt sech ënnert anerem den DP-Nord-Deputéierten André Bauler, deen de Sujet opgräift an d'Klacken an de Mëttelpunkt vun enger parlamentarescher Fro un d'Kulturministesch stellt.

An deem Kontext sief drun erënnert, datt et a Frankräich zanter Januar e Gesetz gëtt, datt de "patrimoine sensoriel" am ländleche Raum definéiert an och schützt: hei geet et ëm den Hunnekreesch, de Geroch vu Mëscht oder d'Geräischer, déi d'Véi op de Wisen oder an de Ställ maachen.

Dës Sound-Kuliss huet net direkt eppes mat Kiercheklacken ze dinn, mee et ass e gudden Hannergrond fir d'Äntwerten vum Sam Tanson, déi betount, datt d'Klacken hei am Land automatesch mam Gebai protegéiert sinn, wëll se juristesch als "immeuble par destination" ugesi ginn. Aktuell sinn d'Klacken an 216 Kapellen a Kierchen national geschützt. An och wann d'Gebai entweit gëtt, bleift et mat de Klacke protegéiert.

Da präziséiert d'gréng Kulturministesch, datt d'Laude vu Klacke kloer ënnert d'UNESCO-Definitioun vum immaterielle Kulturierwe gehéieren, well d'Laude vun de Klacken de Leit e Gefill vun Identitéit a Kontinuitéit am Respekt vun der kultureller Pluralitéit an der mënschlecher Kreativitéit gëtt. Donieft hätt d'Lauden eng eegestänneg soziokulturell Valeur, déi iwwert d'Kultescht erausgeet.

Fir awer op den Inventaire vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg ze kommen, muss eng Ufro vun der Communautéit vu Leit gemaach ginn, déi d'Lauden als hiert liewegt kulturellt Ierwen ugesinn an dëst wëllen erhalen, esou eng Demande läit awer bis dato net fir. Hei wieren also d'Locatairen oder Besëtzer vun de Gebaier gefuerdert, wou d'Klacken dran hänken. Dann ass et nach d'Prezisioun, datt och wann d'Klackelauden géif op den nationalen Inventaire opgeholl ginn, dëst kee juristesche Schutz géif duerstellen, sou datt et hannen um Enn op de gudde Wëlle vun de Responsabelen ukënnt, fir d'Kiercheklacken als Péis oder soss Geleeënheete weider lauden ze loossen.

Déi eelste Klack am Land hänkt iwwregens an der Kapell an der Giischterklaus an ass aus dem Joer 1240.