Déi renomméiert Filmpräisser ginn e Sonndeg an der Nuecht iwwerreecht. Wéinst der Pandemie fält d'Zeremonie natierlech e bëssen anescht aus wéi gewinnt.

Gespaant ass een och am Grand-Duché. 2 Lëtzebuerger Koproduktiounen si jo dëst Joer fir en Oscar nominéiert. An der Kategorie "Beschten Animatiounsfilm" geet "Wolfwalkers" (koproduzéiert vu Mélusine Productions) vum Tomm Moore a Ross Stewart an d'Course. Direkt 2 Mol nominéiert ass "Collective" vum Alexander Nanau, realiséiert vun ënnert anerem Samsa Film. Dat an de Kategorien "Beschten Dokumentarfilm" a "Beschten internationale Film".

RTL

Déi lëtzebuergesch Koproduktioun "Wolfwalkers" ass an der Kategorie "Beschten Animatiounsfilm" nominéiert / © Melusine Productions

A praktesch alle Kategorie sinn dëst Joer faarweg Acteuren ënnert de Favoritten. Fir d'éischt Kéier sinn och zwou weiblech Regisseurinnen nominéiert. Domat stinn déi renomméiert Filmpräisser 2021 am Zeeche vun der Diversitéit. De Manktem an dësem Kontext hat an de leschte Joren ëmmer erëm fir schaarf Kritik un der "Academy" gesuergt.

RTL

D'Chloe Zhao zielt mat "Nomadland" zu de Favoritten / © AFP/File/Charly TRIBALLEAU

D'Campagne #OscarsSoWhite, déi 2015 an de soziale Medie lancéiert gouf, huet ee sech also endlech zu Häerz geholl. 2020 nach war d'Cynthia Erivo déi eenzeg net-wäiss Actrice ënner 20 Nominéierungen. Dëst Joer dogéint gëllen de verstuerwenen Chadwick Boseman ("Ma Rainey's Black Bottom"), de schwaarze brittesche Schauspiller Daniel Kaluuya ("Judas and the Black Messiah") an de südkoreanesche Star Youn Yuh-Jung ("Minari") zu de Favoritten.

D'Viola Davis, déi un der Säit vum Chadwick Boseman am Film "Ma Rainey's Black Bottom" gespillt huet, däerf sech Chancen op en Oscar als "Bescht Schauspillerin" ausrechnen. Déi zu Peking gebuere Chloe Zhao ("Nomadland") gëllt als sécher Kandidatin fir déi "Bescht Regie", wa si sech da géint den Emerald Fennell ("Promising Young Woman") behaapte kann.

D'#MeToo-Beweegung huet iwwerdeems dozou bäigedroen, dass eppes géint déi feelend Presenz vu Fraen a verschiddene Kategorie ënnerholl gouf. Do bleift awer ëmmer nach Loft no uewen.

RTL

E groussen Deel vun der Show gëtt an der Union Station zu Los Angeles ofgehalen / © AFP/VALERIE MACON

Déi 93. Editioun vun der Oscar-Iwwerreechung gëtt dëst Joer natierlech anescht wéi gewinnt organiséiert an op verschidde Sitte verdeelt. Wéinst der Pandemie war d'Zeremonie vum 28. Februar op de 25. Abrëll verluecht ginn. E bësse Glamour soll bleiwen, och wann um rouden Teppech net wäert vill lass sinn. Déi nominéiert Stare ginn zu Los Angeles am Dolby Theater an op der Haaptbün am legendäre Gebai vun der Gare Union Station empfaangen. Si mussen en negative Coronatest hunn an d'Mask unhalen, soulaang si net virun der Kamera stinn. Duerch d'Show féieren Hollywood-Stare wéi den Harrison Ford, de Brad Pitt, d'Halle Berry an d'Reese Witherspoon. Déi europäesch Nominéiert, déi net an d'USA reese kënne, gi vu London a Paräis bäigeschalt.

Reng zueleméisseg ass dem David Fincher säin Hollywood-Biopic "Mank" mat 10 Nominéierungen de Favorit. Staark Konkurrenten an der Kinnekskategorie sinn awer dem Chloé Zhao säi Gesellschaftsdrama "Nomadland" (6 Nominéierungen) an de Black-Panther-Drama "Judas and the Black Messiah" (6 Nominéierungen).

RTL Zwee an RTL Play weisen de Film "Collective" e Sonndeg, de 25. Abrëll um 20.00 Auer am Original mat däitschen Ënnertitelen. Duerno ass de Replay (3 Versiounen, mat franséischen, däitschen oder engleschen Ënnertitelen) e puer Deeg am Play ze gesinn.

Nominatiounen am Iwwerbléck:

Bescht Schauspillerin

- Viola Davis, "Ma Rainey's Black Bottom"
- Andra Day, "The United States vs. Billie Holiday"
- Vanessa Kirby, "Pieces of a Woman"
- Frances McDormand, "Nomadland"
- Carey Mulligan, "Promising Young Woman"

Beschte Schauspiller

- Riz Ahmed, "Sound of Metal"
- Chadwick Boseman, "Ma Rainey's Black Bottom"
- Anthony Hopkins, "The Father"
- Gary Oldman, "Mank"
- Steven Yeun, "Minari"

Bescht Niewenduerstellerin

- Maria Bakalova, "Borat Subsequent Moviefilm"
- Glenn Close, "Hillbilly Elegy"
- Olivia Colman, "The Father"
- Amanda Seyfried, "Mank"
- Yuh-Jung Youn, "Minari"

Beschten Niewenduersteller

- Sacha Baron Cohen, "The Trial of the Chicago 7"
- Daniel Kaluuya, "Judas and the Black Messiah"
- Leslie Odom, Jr., "One Night in Miami"
- Paul Raci, "Sound of Metal"
- LaKeith Stanfield, "Judas and the Black Messiah"

Beschte Regisseur/in

- Chloe Zhao, "Nomadland"
- David Fincher, "Mank"
- Lee Isaac Chung, "Minari"
- Emerald Fennell, "Promising Young Woman"
- Thomas Vinterberg, "Another Round"

Beschte Film

- "The Father"
- "Judas and the Black Messiah"
- "Mank"*
- "Minari"
- "Nomadland"
- "Promising Young Woman"

*Mat am Ganzen 10 Nominéierunge gëllt d'Netflix-Produktioun "Mank" als Favoritt bei den Oscaren.

Beschten Dokumentarfilm

- “Collective” (Magnolia Pictures and Participant)
- “Crip Camp” (Netflix)
- “The Mole Agent” (Gravitas Ventures)
- “My Octopus Teacher” (Netflix)
- “Time” (Amazon Studios)

Beschten internationale Film

- "Another Round" (Denmark)
- "Better Days" (Hong Kong)
- "Collective" (Romania)
- "The Man Who Sold His Skin" (Tunisia)
- "Quo Vadis, Aida?"(Bosnia and Herzegovina)

Beschten Animatiounsfilm

- "Onward" (Pixar)
- "Over the Moon" (Netflix)
- "A Shaun the Sheep Movie: Farmageddon" (Netflix)
- "Soul" (Pixar)
- "Wolfwalkers" (Apple TV Plus/GKIDS)

Beschten animéierte Kuerzfilm

- "Burrow" (Disney Plus/Pixar)
- "Genius Loci" (Kazak Productions)
- "If Anything Happens I Love You" (Netflix)
- "Opera" (Beasts and Natives Alike)
- "Yes-People" (CAOZ hf. Hólamói)

Beschten "Live-Action"-Kuerzfilm

- "Feeling Through"
- "The Letter Room"
- "The Present"
- "Two Distant Strangers"
- "White Eye"

Bescht adaptéiert Dréibuch

- "Borat Subsequent Moviefilm." Dréibuch vum Sacha Baron Cohen, Anthony Hines, Dan Swimer, Peter Baynham, Erica Rivinoja, Dan Mazer, Jena Friedman, Lee Kern; Geschicht vum Sacha Baron Cohen, Anthony Hines, Dan Swimer, Nina Pedrad
- "The Father," Christopher Hampton a Florian Zeller
- "Nomadland," Chloé Zhao
- "One Night in Miami," Kemp Powers
- "The White Tiger," Ramin Bahrani

Bescht original Dréibuch

- "Judas and the Black Messiah." Dréibuch vum Will Berson, Shaka King; Geschicht vum Will Berson, Shaka King, Kenny Lucas, Keith Lucas
- "Minari," Lee Isaac Chung
- "Promising Young Woman," Emerald Fennell
- "Sound of Metal." Dréibuch vum Darius Marder, Abraham Marder; Geschicht vum Darius Marder, Derek Cianfrance
- "The Trial of the Chicago 7," Aaron Sorkin

Beschte Lidd

- "Fight for You," ("Judas and the Black Messiah")
- "Hear My Voice," ("The Trial of the Chicago 7")
- "Húsavík," ("Eurovision Song Contest")
- "Io Si (Seen)," ("The Life Ahead")
- "Speak Now," ("One Night in Miami")

Beschte Sound

- "Greyhound," Warren Shaw, Michael Minkler, Beau Borders an David Wyman
- "Mank," Ren Klyce, Jeremy Molod, David Parker, Nathan Nance an Drew Kunin
- "News of the World," Oliver Tarney, Mike Prestwood Smith, William Miller an John Pritchett
- "Soul," Ren Klyce, Coya Elliott an David Parker
- "Sound of Metal," Nicolas Becker, Jaime Baksht, Michelle Couttolenc, Carlos Cortés an Phillip Bladh

Beschte Kostümer

- "Emma," Alexandra Byrne
- "Mank," Trish Summerville
- "Ma Rainey's Black Bottom," Ann Roth
- "Mulan," Bina Daigeler
- "Pinocchio," Massimo Cantini Parrini

Beschte Cinematographie

- "Judas and the Black Messiah," Sean Bobbitt
- "Mank," Erik Messerschmidt
- "News of the World," Dariusz Wolski
- "Nomadland," Joshua James Richards
- "The Trial of the Chicago 7," Phedon Papamichael