Dem Albert Camus säi Roman "La Peste", aus dem Joer 1947, huet wärend der Coronakris eng reegelrecht Renaissance erlieft.

An dësem geet et ëm d'Ausbreedung an de Verlaf vun der Pescht an enger algerescher Stad. Den Dokter Rieux beschreift detailléiert, wéi eng Auswierkungen dës Pandemie op d'Gesellschaft huet a wat Angscht an Ongewëssheet mat de Mënsche maachen.

De Regisseur Frank Hoffmann huet sech theatralesch mat der "Peste" auserneegesat a seng Adaptatioun an den TNL op d'Bün bruecht.

Den Dekor ass schlicht, d'Besetzung kleng – de Frank Hoffmann bréngt a senger Inzenéierung vum Camus senger "Peste" dat Weesentlecht op d'Bün. An 1 Stonn kompriméieren d'Schauspiller Marie Jung a François Camus, dee grousse Roman gekonnt op seng Haaptthemen a vermëttelen dem Spectateur dobäi den Androck, dass d' Geschicht eréischt kierzlech geschriwwe gouf.

Ma och d'Rolleverdeelung mécht dës Adaptatioun besonnesch interessant. De Schauspiller François Camus stellt nieft dem Journalist Rambert nach weider 11 Haaptfiguren duer. Nach méi onüblech ass, dass deen engagéierten Dokter Rieux an dësem Stéck vun enger Fra, dem Marie Jung, gespillt gëtt. De Grond dofir ass, ënnert anerem, dass hautdesdaags am Gesondheetssecteur vill Frae mat un éischter Front stinn.

Dëst Theaterstéck, wéi och de Roman vum Camus schafe schlussendlech d'Méiglechkeet, d'Liewe mat sengen Héichten an Déiften ze reflektéieren.

Den Interêt un dësem héichaktuelle Stéck war dann och sou grouss, dass d'Virstellungen am Nu ausverkaaft waren.