Si gréisser Evenementer wéi Festivallen trotz Pandemie méiglech? Op déi Fro wollt een a Spuenien eng Äntwert kréien.

An deem Kader gouf Enn Mäerz e Concert zu Barcelona organiséiert. 5.000 Leit duerften der Band Love of Lesbian nokucken, matsangen a feieren. Dëst ënner strenge sanitären Oploen. Virum Event huet all Spectateur missen e Coronatest maachen. Nëmmen déi Leit mat negativem Resultat kruten den Zoutrëtt autoriséiert. Donieft huet jidderee missen eng FFP2-Mask undoen. Als zousätzlech Sécherheetsmoossnam gouf am Palau Sant Jordi eng leeschtungsstaark Belëftungsanlag installéiert.

En Experiment, dat, wéi et schéngt, gelongen ass: En Dënschdeg huet den Dr. Josep Maria Llibre vum Spidol Germans Trias i Pujol de Badalona op enger Pressekonferenz matgedeelt, dass et keng Unzeeche géinge ginn, dass sech eng Persoun op der Plaz ugestach hätt. Eng gutt Nouvelle fir d'Museksbranche. Den Organisateure wier et nämlech drëms gaangen, erauszefannen, wéi ee mat Corona liewen an absolutt sécher Concerten organiséiere kann.