An der 5. Staffel wäerten nieft der Queen an hirem Mann och nees aner Royals ze gesi sinn. Et ass awer nach net all Roll besat.

Wéi et aus Castingkreesser heescht, wier et nämlech net esou einfach, en Acteur ze fannen, deen den onbeléifte Prënz Andrew spille wëll. D'Schauspiller géifen net grad Schlaang stoen. Den Herzog vu York huet jo an der Lescht fir negativ Schlagzeile gesuergt, dëst wéinst senger méiglecher Verwécklung an de Skandal ronderëm de Sexualverbriecher Jeffrey Epstein. Den Ament gëllt de Prënz Andrew als "onpopuläerste Member vun der brittescher Kinneksfamill". D'Roll wier dowéinst "net grad sexy".

An der viregter Staffel vun "The Crown" hunn der Queen hir Kanner Prënz Charles, Prinzessin Anne, Prënz Edward a Prënz Andrew och scho matgewierkt. D'Handlung vun der 5. Staffel zitt sech iwwer d'Joren 1991 bis 1997. Besonnesch d'Joer 1992, dat vun der Queen selwer als "annus horribilis" ("schrecklecht Joer") bezeechent ginn ass, dierft dobäi am Zentrum stoen. Dat Joer am Mäerz huet sech de Prënz Andrew vu senger Fra Sarah Ferguson getrennt. Och de Prënz Charles an d'Prinzessin Diana hunn hir Trennung 1992 bekanntginn. An och d'Prinzessin Anne an hire Mann Mark Phillips hu sech deemools scheede gelooss. Dobäi koum dann och nach am November e Feier am Schlass Windsor, woubäi iwwer 100 Zëmmer zerstéiert goufen.

Eng Spriecherin vun "The Crown" huet awer verséchert, dass et absolutt keng Problemer géif, iergendeng Roll vun der 5. Staffel ze besetzen. Et wier ganz normal, iwwer Job-Annoncen ze fueren, fir no Duersteller ze sichen. Netflix huet wëlles, den nächsten August mat den Dréiaarbechten unzefänken. E bëssen Zäit bleift deemno nach.