2015 huet alles zu Bouneweg ugefaangen. Antëscht ass den Hariko e richtege Service gi mat engem Konschthaus zu Esch an zu Ettelbréck.

Hariko: E Réck- an Ausbléck / Reportage Claudia Kollwelter

"Hariko Monument" heescht en Documentaire, dee sech mam Ufank vun all deem beschäftegt. De Film gëtt en Dënschdeg an e Mëttwoch am Kinepolis gewisen. D'Claudia Kollwelter huet vun där Geleeënheet profitéiert, fir ze kucken, wat an de leschte Joren alles geschitt ass a wat fir d'Zukunft vum Hariko nach geplangt ass.

D'Realisatrice Laetitia Martin ass eigentlech duerch Zoufall op den Hariko opmierksam ginn. 2016 huet si un engem Documentaire iwwert d'Kënschtlerin Sophie Medawar geschafft, déi dee Moment hiren Atelier am Hariko zu Bouneweg hat. D'Realisatrice war direkt begeeschtert vun der Plaz:

Ech hat nach ni eng Plaz gesinn, wou jiddereen acceptéiert war. Wou kee jugéiert gouf, wou gedeelt gouf, en Echange war an e grousse Potential. Et konnt jiddereen dohi kommen an entweder sech selwer sinn oder och en aneren.

Ufangs wier et just e Gebai gewiescht wat si suivéiert huet, seet d'Realisatrice, déi dëst mat engem grousse Schëff vergläicht:

E Schëff wat en Dram mat sech gedroen huet. Well et ass och eng Utopie. Mir schwätze vun Inclusioun, mee dat ass eng Manéier, en Horizont ze hu fir jiddereen, en aneren oder e méi bridderlechen Horizont.

Nieft de Gebailechkeete waren et awer och d'Leit, déi dohi komm sinn, déi d'Laetitia Martin begeeschtert hunn:

Fir si war et eng Plaz vu "Refuge", net onbedéngt eng Plaz wou ee se gefrot huet, datt se sech selwer géifen iwwertreffen, wou et e Punktesystem gouf. Mee eng Plaz wou se einfach näischt gefrot goufen, ausser "gutt" ze sinn. Mee dat Ganzt awer mat enger Exigenz, datt eppes geléiert gëtt. Eng ganz qualitativ Plaz also, mee gläichzäiteg awer och ouni sozialen Drock, wéi vläicht an aneren Danz- Musek- oder Gesangsschoulen.

Aus dem Projet vun 2015 ass antëscht e Service ginn, deen an 2 Voleten opgedeelt ass. D'Chargée de direction vum Hariko, Anne Braun, erkläert:

Den éischte Volet ass eng non-formell Bildung fir Jugendlecher vun 12 bis 26 Joer am Konschtberäich. Se kënne Musek bei eis maachen, Piano oder Sangen, awer och Grafiticoursë kënne se huelen oder Upcycling. Et ass also ganz villsäiteg. An deen anere Volet sinn international a Lëtzebuerger Kënschtler, déi en Atelier gratis bei eis kréien an am Géigenzuch Workshop fir déi Jugendlech ubidden.

Hariko geet awer wäit iwwert d'Workshoppen eraus:

Déi Jonk kënnen einfach laanscht kommen, ouni genee un engem Projet ze schaffen, fir och mat Educateuren ze schwätzen. An och aktuell an der sanitärer Kris wier et perfekt, wann déi Jonk och am Zentrum eng Plaz hunn, fir kënne lass ze loossen a baussent de schouleschen Zäite sech ënnert anere Jonken austauschen. 

Gespréicher mat der Stad Lëtzebuerg géifen aktuell awer keng lafen. Anescht gesäit et fir Esch ass, wou nach dëse Summer den Hariko aus engem Eefamilljenhaus an de Bâtiment 4 plënnert. Am Konschthaus zu Ettelbréck ginn dogéint schonn dës Woch d'Diere fir déi Jonk op. D'Realisatrice Laetitat Martin huet awer e Wonsch, fir datt d'Gebai vu Bouneweg, wou alles ugefaangen huet, net a Vergiessenheet geréit:

Ech mengen d'soll en Tramstatioun ginn "Dernier Sol". Ech wéilt, datt d'Leit, déi do erausklammen, sech drun erënneren oder léieren, datt do während engem Moment während 5 Joer et eng formidabel Utopie gouf, déi ugehalen huet. Ech fannen déi misst "Dernier Sol - Hariko" genannt ginn.

 

Den Documentaire gëtt wéi gesot en Dënschdeg an e Mëttwoch am Kino gewisen. Plaze sinn allerdéngs keng méi fräi. Mee de Film soll awer och nach emol an de Konschthaiser zu Esch an Ettelbréck zu engem spéideren Zäitpunkt gewise ginn.