De weltbekannte Fashion-Designer hat ënnert anerem fir Marke wéi "Lanvin", "Guy Laroche" oder "Yves Saint Laurent" geschafft.

Virun e puer Deeg koum déi traureg Nouvelle, dass hien am Alter vun 59 Joer un de Suitte vu senger Coronainfektioun gestuerwen ass. E Mëttwoch gouf hien a Géigewaart vu Famill a Frënn an der israelescher Stad Holon, an der Géigend vun Tel Aviv, bäigesat.

14 Joer laang hat den Israeli als Chefdesigner fir Lanvin geschafft a war bekannt fir säin aussergewéinleche Stil, dat gewëssent, verspillt "Eppes" mat klassesche Kleeder ze kombinéieren. Hien hat ënnert anerem Schlagzeile mat sengen Outfitte fir d'Cate Blanchett, Natalie Portman, Sienna Miller oder Meryl Streep gemaach.