Eng Expo zu Biekerech, eng literaresch Rees duerch d'Land, e Cabarets-Programm zu Esch an en Owend mat enger grousser, däitscher Actrice.

"Unexpected Prints" an der Millegalerie zu Biekerech - 16.5.2021

Zwee verschidde Kënschtler an zwee verschidde Genre begéine sech an dëser Expo: de Franz Ruf mat senge Gravuren an de Luc Ewen mat senge Fotoen. Béid Kënschtler - allen zwee scho Laureat vum prix Grand Duc Adolphe - verschaffen hir original Biller mat chemeschen an technesche Mëttelen a ginn hinnen esou op kreativ Manéier eng nei OPtik, bei där een net ëmmer erkennt, wat real bleift a wat verännert gouf. Dobäi dominéieren schwaarz. gro a blo Nuancen mat vereenzelte faarwegen Touchen.

RTL

D'Ausstellung ass nach ze gesinn bis den 16. Mee an der Millegalerie zu Biekerech an ass op donneschdes bis sonndes.

"Si mer nach ze retten?" Reprise den 4. & 5.5. am Escher Theater

Sechs Auteuren hu sech iwwer dës Fro hir Gedanke gemaach a probéiert eng Äntwert ze fannen. Jiddereen op seng Manéier an a sengem Stil an Thema. Zu Esch Uelzecht am Theater gëtt erëm Cabaret gespillt. D'Fro, déi sech stellt: Si mer nach ze retten?

Eng Fro, déi een op verschiddenen Niveaue verstoe kann. Et geet ëm de Cabaret, ëm d'Lëtzebuerger, ëm d'Mënschheet allgemeng.

Op Initiativ vun der Direktesch vum Escher Theater Carole Lorang hu sechs Auteuren no enger Äntwert gesicht: de Roland Gelhausen, de Pierre Puth, de Claude Faber, de Francis Kirps, d'Christiane Kremer an de (leider verstuerwenen) Jay Schiltz. Op der Bün derbäi ass och de Clod Thommes.

Ein Abend mit Angela Winkler 3.5.2021 an der Abtei Neimënster

Op Invitatioun vum Institut Pierre Werner ass déi international renomméiert däitsch Actrice Angela Winkler fir en Owend zu Lëtzebuerg. Bekannt gouf se vrun allem duerch d'Filmer "Die verlorene Ehre der Katharina Blum" an "Die Blechtrommel". Donieft huet si och fir d'Theaterbün geschafft a krut 2019 den däitsche Schauspielpräis.

RTL

© Joachim Gern

Am Gespréich mam Frank Hoffmann schwätzt si iwwer hiert Liewen fir d'Bün, fir de Film a fir d'Famill.

 

CNL-Liesrees iwwer Land

Tëscht dem 4. Mee an dem 4. Juli invitéiert de Centre National de Littérature vu Miersch op eng Liesrees uechtert d'Kulturzentere vum Land.

Am Ganze sinn 15 Liesungen an Diskussioune mat Auteuren organiséiert, déi an deene leschte puer Méint e Buch erausbruecht hunn.

Dës Liesrees ass eng flott Geleeënheet, fir d’Literatur zu Lëtzebuerg mat hire ville Facetten a Sprooche kennenzeléieren.

Den Optakt maachen de Guy Helminger an den Tullio Forgiarini de 4. Mee am Kinneksbond zu Mamer mat Auszich aus hire Romaner "Die Lombardi-Affäre" a "Céruse" an engem Gespréich iwwert d’Spill mat Fiktioun a Realitéit, iwwert d’Freed um Erfannen an d’Sich nom Roman vum eegene Liewen.

RTL