55 Joer ass et hier, dass déi lescht Folleg vun "The Flintstones" am amerikanesche Fernsee eng éischte Kéier diffuséiert gouf.

An awer huet d'Zeechentrickserie bei Grouss a Kleng net u Beléiftheet verluer. Dowéinst kënne sech elo d'Fans vum Fred, Wilma, Barney & Co freeën: Et ass nämlech e Sequel vun der Geschicht geplangt!

Wéi d'US-Zeitung Variety schreift, soll eng Fortsetzung ënnert dem Numm "Bedrock" kommen, déi 20 Joer nom Schluss vun der leschter Staffel spillt.

Am Mëttelpunkt wäert dës Kéier d'Pebbles stoen. Déi erwuessen Duechter vum Fred a Wilma huet mëttlerweil iwwer 20 Joer a versicht Fouss an der Beruffswelt ze faassen. Säi Papp steet kuerz virun der Pensioun. Wat och fir Ännerungen an der Stad "Bedrock" suergt, ass den Ufank vum Bronzzäitalter.

"The Flintstones" war déi éischt Animatiounsserie, déi an den USA owes op der Tëlee gewise gouf. Tëscht 1960 an 1966 war si feste Bestanddeel vum Primetime-TV vum Sender ABC. Donieft gouf si mat engem Emmy fir déi "beschte Komedie-Serie" ausgezeechent.