„Enfin seules" heescht eng nei Expo am Mudam, déi e Samschdeg hir Dieren opmécht.

Am Kader vun der 8. Editioun vum europäesche Mount vun der Fotografie ginn iwwer 200 Fotoen aus engem Archiv vu London ausgestallt. Fotoen, déi de Bléck op d'Villfältegkeet vun der Planzewelt geheien. D'Direktesch vum Mudam, Suzanne Cotter, huet bei der Presentatioun e Freideg de Moien ënnerstrach, datt et fir de Musée eng aussergewéinlech Ausstellung ass:

"Et ass eng Ausstellung vun historesche Fotografien, mä déi mat enger komplett zäitgenëssescher Perspektiv gewise ginn."

D'Expo weist Biller vu renomméierte Fotografe mä och anonym Wierker a bréngt ganz ënnerschiddlech Disziplinne beieneen, wéi zum Beispill d'Wëssenschaft, Astronomie, Mathematik oder och nach Molerei. Eng Partie vun de Fotoen aus dem Londoner Archiv goufe vergréissert a souzesoen op d'Mauere vum Musée tapezéiert. D'Expo mécht e Samschdeg hir Dieren op an ass bis den 19. September am Mudam ze gesinn.