No der hefteger Kritik un hirer Nominéierungspolitik wëllen d'Organisateure vun de Grammy Awards hir Reegelen änneren.

An Zukunft sollen déi iwwer 12.000 stëmmberechtegt Memberen iwwert d'Nominéierunge fir déi wichtegst US-Musekspräisser entscheeden, dat huet d'Recording Academy zu Los Angeles matgedeelt.

De bis ewell dofir zoustännege Comité aus 15 bis 30 Branchenexperten, deenen hir Nimm geheim sinn, géif ofgeschaaft ginn.

Gläichzäiteg sollen d'Grammy Awards mat de Kategorië latäinamerikanesch a Weltmusek erweidert ginn. D'Gesamtzuel vun de Kategorië klëmmt domadder op 86.

D'Ännerunge sollen dat "permanent Engagement" vun der Academy erëmspigelen, "sech mat der Musekslandschaft weiderzëentwéckelen a sécherzestellen, datt d'Reegelen an d'Richtlinne vun de Grammy Awards transparent a gerecht sinn.

Den Nominéierungsprozess vun der Academy war rezent op Kritik gestouss, nodeems den R&B-Star The Weeknd trotz engem kommerziell erfollegräiche Joer 2020 bei de Grammy-Nominéierungen eidel ausgaange war. De kanadesche Kënschtler hat doropshin de Grammy Awards reprochéiert, datt se "korrupt" bleiwen: "Dir sidd mir, menge Fans an der Industrie Transparenz schëlleg", sou de Kënschtler.