De Lëtzebuerger Dramatiker Jean-Paul Maes bréngt de Public mat sengen Aarbechte gären zum Laachen a gläichzäiteg zum Nodenken.

D'lescht Joer hat hien déi roueg, ongeselleg Zäit vum Lockdown genotzt, fir ee neit Theaterstéck ze schreiwen. "En ausgetrëppelte Schong" heescht säi mëttlerweil schonn 18. Stéck, dat am Abrëll seng Première am Beetebuerger Kaleidoskop Theater hat. Eng Geschicht, an där et ëm vill méi geet wéi just eng turbulent Bezéiung.

Et ass d'Geschicht vum Thierry an dem Valérie, enger gutt situéierter Koppel, déi sech wonnerbar versteet. Sou kéint ee mengen. No enger Vakanz an engem nordafrikanesche Land fält en ausgetrëppelte Schong aus dem Thierry senger Wallis. Ma wou kënnt deen hier? A wat bedeit dëse fir dem Thierry an dem Valérie hir Bezéiung?

„Lues a lues verblatzen déi schéi Vakanzenimpressiounen an am Fong ausgeléist duerch dëse Schong, ginn déi al Fronten tëschent der Koppel nees opgestallt, Haass, deen am Laf vun de Jore gewuess ass, beemt sech nees op an ee Ligenteppech, deen zënter Joren deem Stot do ënnerläit, weist sech erëm no an no", sou de Jean-Paul Maes.

Et geet awer net just ëm d'Bezéiungsproblemer vun där europäescher Koppel.

De Jean-Paul Maes huet an dësem Stéck zwou ganz verschidde Problematike géintenee gestallt. Sou mécht hien an dëser Geschicht och op d'Flüchtlingskris opmierksam, op d'Leed vu sou ville Mënschen, déi näischt méi hunn, ausser der Hoffnung op e Liewen a Sécherheet.

Genee des Géintiwwerstellung vun 2 Welte war et, déi de Regisseur Fabio Godinho un dësem Stéck besonnesch gereizt hat. Him war et wichteg, realistesch Situatiounen ze kreéieren an zesumme mat de Schauspiller Marc Baum a Nora Koenig Figuren op d'Bün ze bréngen, an deene sech de Spectateur erëmfanne kann.

Gespillt gëtt nach tëscht dem 12. an dem 30. Mee am Artikuss zu Zolwer an am Kaleidoskop Theater zu Beetebuerg.