Den däitsche Comedian an Entertainer Helge Schneider ass bekannt fir säin eenzegaartegen Humor.

Zum Ausdréck bréngt hien dat a Form vu Parodien, déi hie mat Jazzmusek verbënnt. An d'Resultat ass dacks eng ganz absurd Geschicht. 2003 huet dem Helge Schneider säin éischt Theaterstéck zu Bochum Première gefeiert. E Stéck mam Titel "Mendy – das Wusical". An den Titel ass Programm. D'Patricia Baum war d'Virstellung an de Kapuzinertheater kucken.

Wéi seet ee sou schéin: "Das Leben ist kein Ponyhof". Souguer beim Theaterstéck "Mendy – das Wusical" ass dat de Fall. Och wa sech hei quasi alles ëm d'Päerd dréint, geet et awer bei wäitem net just ëm eng idealiséiert an Harmonie-erfëllte Leidenschaft fir dat Déier. Am Helge Schneider sengem Text kann ee villes erwaarden. Vill Komik, vill Parodie, ma awer och vill Themen, déi een net just iwwerflächlech bewäerten dierf.

"Et dierf ee sech fir de Blödsinn net ze schued sinn, mee et dierf ee sech awer och net mam Hënner drop sëtzen, sou datt et just Blödsinn ass. Et ass eben net just Blödsinn. Wann ee just dat bespillt a sech seet: Et ass Helge an et ass immens witzeg, da geet den Owend bueden. Mir hu probéiert, eis Helge-Bremsen heiansdo ze zéien.", esou den Tom Dockal.

"Mendy - das Wusical" erzielt d'Geschicht vun enger dysfunktionaler Famill, wou jidderee seng Problemer huet. Et ass e wëlle Rëtt an den Absurdistan oder och Kannertheater fir Erwuessener.

D'Wendy Heft ass och bekannt fir seng kleng extra Accessoirë wéi Sticker, Stëfter oder Pouster. "Mendy - das Wusical" ass esou gesinn eng grouss Këscht voller Extraen.

"Wie mat Wendy Hefter opgewuess ass, kritt hei en theatraalt Wendy Heft, mee wien och e bësse Strindberg gelies huet, dee kritt och hei säi Strindberg. Rainer Maria Rilke, Bertolt Brecht a Kurt Weill sinn och nach dra verstoppt. Dat kënnt och net vun eis, mee vum Helge am Original.", erkläert de Jacques Schiltz.

Quatsch mat Jazz – sou beschreift den Helge Schneider sech selwer. Wat "Mendy - das Wusical" ausmëscht, ass, datt den Helge net laang ëm de Bräi schwätzt. Hie reduzéiert alles op seng Essenz, sief et am Text oder an der Musek. 10 Schauspiller an 3 Jazz-Museker stinn dofir am Kapuzinertheater op der Bün.

"Et funktionéiert iwwer laang Strecke mat de selwechte Reegele wéi all aner Theaterstéck och. An da brauch een am Fong nëmmen nach dat ze maachen, wat do steet, sech dee Fräiraum ze gënnen, deen ee sech idealerweis ëmmer gënnt an dann huet een e Wusical.", esou nach de Jacques Schiltz.

D'Regie vu "Mendy – das Wusical" hunn den Tom Dockal, Jacques Schiltz an d'Claire Wagener iwwerholl.

An de Schauspillrollen: Nickel Bösenberg, Al Ginter, Pol Hoffmann, Anne Klein, Rosalie Maes, Dominik Raneburger, Konstantin Rommelfangen, Luc Schiltz, Annette Schlechter a Pitt Simon

Musek: Misch Feinen, Jitz Jeitz an Georges Urwald