Nach bis e Sonndeg kann een d'Ausstellung mat iwwer 70 Wierker vum Lëtzebuerger Moler Jang Lamborelle kucke goen.

Mat Konscht géint Ongerechtegkeet, Krich a Misère, dat ass d'Thema vun der Ausstellung "Répondre à la barbarie par des salves de beauté" vum Moler Jang Lamborelle, déi den Ament am Carré Hollerech (1, rue de l'Aciérie) ze gesinn ass.

De Kënschtler huet eng Zäitlaang an Zentral- a Südamerika gelieft an als Infirmier geschafft, mä war och do schonn als Moler aktiv an huet Natur a Liewesweis vun den indigeene Vëlker a sengen Aarbechte festgehalen.

An de leschte Joren huet hien d'Serie "Yearning for peace" geschaf an där hie sech mam Mënsch a senger Situatioun an der Welt vun haut beschäftegt.

An Zesummenaarbecht mat der Ecole Nationale pour Adultes ENAD, solle Schüler a Vertrieder aus der Zivilgesellschaft de 7.5. un Hand vun de Biller d'Thema vum Krich a senge Suitten diskutéieren a beliichten.

D'Ausstellung ass nach all Dag op vu 14 bis 19 Auer.