D'Geschicht vun der Keeserin Sisi gëtt nei verfilmt. Mat dobäi an enger vun den Haaptrollen ass d'Lëtzebuerger Actrice Désirée Nosbusch.

An de sozialen Netzwierker huet si houfreg annoncéiert, d'Roll vun der Schwéiermamm vum Elisabeth vun Éisträich-Ungarn ze spillen. Et wier e Kandheetsdram, dee fir d'Désirée Nosbusch an Erfëllung gaangen ass. Donieft huet d'Schauspillerin betount, dass et eng genial Erausfuerderung an Éier wier, d'Mamm vum Franz ze verkierperen. Si wier nämlech e "politesche Mastermind".

Produzéiert gëtt d'Sisi-Verfilmung vu Story House Pictures. 6 Follege si vun der Mini-Serie geplangt, déi an ënnerschiddleche Länner gedréint gëtt. Als Kuliss gouf sech fir Bayern, Éisträich, Lettland, Litauen a Budapest entscheet. D'Diffusioun ass fir Enn 2021 op TVNow virgesinn.

Nieft dem Désirée Nosbusch wäerten och d'Tanja Schleiff, d'Paula Kober, d'Julia Stemberger, den David Korbmann, d'Pauline Renevier, d'Yasmani Stambader, den Giovanni Funiati an de Marcus Grüsser matspillen.

Dëst ass allerdéngs net den eenzege Sisi-Projet, deen den Ament an der Maach ass. Och de Streamingdéngscht Netflix schafft un enger Serie iwwert déi bekannten historesch Figur. "The Empress" hëlt d'Bezéiung vum Sisi a Franz genau ënnert d'Lupp. An den Haaptrolle wäerten hei d'Devrim Lingnau an de Philip Froissant ze gesi sinn. Hei musse sech Sisi-Fans awer nach e bësse gedëllegen. Eng éischt Ausstralung ass fir d'Fréijoer 2022 geplangt.