Zanter en Donneschdeg den Owend dréint sech am Kulturhaus an am Literaturzenter zu Miersch alles ëm den zäitgenësseschen Theater zu Lëtzebuerg.

Véier Deeg laang ass de Fokus hei op Auteuren an Autorinnen hiert Schreiwe fir den Theater an op den Dialog tëschent de Kënschtler an dem Public geriicht.

Et ass déi éischt Editioun vun engem grousse Projet, dee vun elo un all Joer de Lëtzebuerger Theater a virun allem seng Auteuren an Autorinne feiere wäert. Kreativ Käpp, wéi z.B. d'Larissa Faber ginn dem Public an dësem Kader een Abléck an hire Schreifprozess a ginn Äntwerten op déi verschiddenste Froe ronderëm de Wee vum Text.

Donieft gëtt zesumme mat verschiddene Regisseuren doriwwer diskutéiert, wéi eng Forme vu Schreiwen am zäitgenësseschen Theater vun de leschte Joren opkomm sinn a wéi Theaterformater op eng Aktualitéit reagéieren.

Mat deene villen Diskussiounen, Liesungen a natierlech och Virstellungen, sollen d'Mierscher Theaterdeeg eng Iddi ginn, wat et heescht, den Theater haut ze gestalten an ëmmer erëm nei ze denken.

Produktioune wéi "So dunkel hier" vum Elise Schmit an Anne Simon, oder "Terres Arides" vum Ian de Toffoli, Pitt Simon a Luc Schiltz, si representativ fir déi rezent Entwécklung vum Lëtzebuerger Theater. Déi vill Liesunge ginn e Virgeschmaach op déi nächst Saison.

Nach bis e Sonndeg den Owend kann een zu Miersch an déi Lëtzebuerger Bünewelt andauchen.

Weider Informatiounen zum komplette Programm an zu de Reservatioune fannt Dir ënner www.kulturhaus.lu