Mat sengen an d'Monumentaalt vergréisserte Muppen, Huesen a Figuren ass den amerikanesche Kënschtler Jeff Koons an den 80er Jore berüümt ginn.

Säi "Rabbit" aus Stol gouf am Mee 2019 fir net manner wéi 80 Milliounen Dollar versteet. Domat ass hien aktuell deen deierste Kënschtler, deen nach lieft.

Vu senge laangjärege Galerien huet de Jeff Koons sech getrennt an eng nei Plaz gesicht. Déi huet hien zu Marseille fonnt. Verdeelt op 13 Säll kann een elo dem Koons seng Kitsch-Néo-Pop-Konscht bewonneren, an dat fir eng alleréischte Kéier deemno an Europa. No 7 Méint Fermeture ass et och fir de Musée eng ganz speziell Éier grad mat esou engem Kënschtler seng Dieren nees opzemaachen.

D'Expo "Jeff Koons Mucem" ass vum 8. Mee bis den 18 Oktober.