Gutt Nouvelle fir Amateure vun der elektronescher Musek - et gesäit gutt aus fir de Festival "Tomorrowland" dëse Summer.

De belsche Premier Alexander De Croo huet annoncéiert, datt et méiglech kéint ginn, an der zweeter Hallschent vum Summer nees grouss Festivallen z'organiséieren.

Viraussetzung fir Deel ze huelen, kéint de geplangten EU-wäite gréngen Zertifikat ginn, deen Enn Juni soll agefouert ginn. D'Spectateure missten och am Virfeld Tickete kafen, fir e Retraçage am Fall vun engem Ausbroch vum Coronavirus z'erméiglechen.

An d'Festivalle kéinten op Spectateuren aus Europa limitéiert ginn, esou déi belsch Regierung, déi eben Tomorrowland als Beispill nennt.