Rezent war déi ganz politesch engagéiert däitsch-israelesch Kënschtlerin Nirit Sommerfeld fir e Concert hei zu Lëtzebuerg.

Dat op Invitatioun vum Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient. D'Fra beschäftegt sech an hirer Musek mat der jüddescher Klezmer-Traditioun, an hiren Texter awer mat der Aktualitéit vun deem, wat den Ament an Israel an a Palestina geschitt.

De Petz Bartz hat d'Geleeënheet sech bei hirer Visitt zu Lëtzebuerg mat der Kënschtlerin z'ënnerhalen. D'Nirit Sommerfeld hëlt an hire Lidder mat hirem Shlomo Geistreich-Orchester kee Blat virun de Mond. Si séngt op däitsch an op yiddish – iwwert d'Reichskristallnacht, iwwert d'Verlaangere no Israel oder iwwert Hanukkah. Si setzt sech kritesch mat der israelescher Besatzungspolitik auseneen a kritt duerfir virgeworf Anti-Semitin ze sinn, dobäi gouf hire Grousspapp am KZ Sachsenhausen ëmbruecht – vu nogewisenen Anti-Semiten.

D'Nirit Sommerfeld kritt als Kënschtlerin Steng an de Wee gehäit. Och Zensur gouf an Däitschland probéiert an Diffamatioun. Honnerte Kënschtler wéi si, an Intellektueller, gi bei all Kritik vun Israel an hir Limitte verwisen. Faktesch ännert sech natierlech näischt.

Spéitstens zanter dem sougenannte Nationalstaategesetz ass Israel de facto net méi de Staat vu senge Bierger, mee de Staat vu senger jüddescher Populatioun. Dat ass eng vun den Eegenschafte vun engem Apartheidsregime, mee och dee Virworf triggert dann erëm séier d'Uklo vum Anti-Semitismus.

Israel ass e fräit Land – eent vun deene wéinegen am Noen Osten - wat awer net heescht, dass net och Demokratien sech Verbrieche u Mënscherechter ze schold komme kënne loossen.