D'Corona-Pandemie ass fir d'plastesch Kënschtler sécher keng einfach Situatioun. Ma dacks entsteet a grad esou Momenter eng grouss Kreativitéit.

D'Artiste beschäftege sech mat hirem Alldag an drécken dëst an hirer Konscht aus. De Fotograf Marc Wilwert an de plastesche Kënschtler Jean-Claude Salvi hunn eng Expo op Been gesat mat iwwert 30 Kënschtler, déi hir Emotioune ronderëm d'Pandemie a ganz diverse Wierker ausdrécken.

De Marc Wilwert ass Fotograf, leschte Wanter huet hie selwer misse mat erliewen, wéi et ass géint de  Coronavirus ze kämpfen, entstanen ass eng Fotoserie, an där hie seng Gefiller an dëser schwiereger Zäit ausdréckt.

Doropshi koum him de Gedanken, zesumme mat engem Kënschtler-Kolleeg Jean-Claude Salvi en Opruff ze starten, fir ze kucken, wéi déi aner Kënschtler dës schwiereg Zäiten erliewen.

De Feedback war grouss, a fir de Marc an de Jean-Claude war et kloer, si wollten eng Expo op d'Been stellen, COronArt koum dobäi eraus, eng Ausstellung mat 32 Lëtzebuerger Kënschtler. Dorënner bekannten Nimm wéi de Jean-Marie Biwer oder nach d'Patricia Lippert.

Fotoen, Skulpturen, Installatiounen a Molereien, et ass e ganz gelonge Melange, deen een den Ament an der Galerie Kamellebuttek zu Esch ka gesinn. Fir déi jonk Galeristen a Kënschtler Daniel Mc Llyod a Raphael Gindt war et evident  bei dësem Projet matzemaachen.

D'Expo kann een dann nach bis den 10. Juli zu Esch am Kamellenbuttek entdecken.