Schi fir déi 5. Kéier ass e Bild vum bekannte spuenesche Moler Picasso fir iwwer 100 Milliounen Dollar verkaf ginn.

Fir net manner wéi 85 Milliounen Euro ass elo e Bild vum Pablo Picasso zu New York versteet ginn. De Präis vum Bild "Sitzende Frau am Fenster (Marie-Thérèse)" gouf 1932 fäerdeg gestallt an huet deemno en Donneschdeg am Aktiounshaus Christie's de Proprietär gewiesselt. 19 Minutte laang hu sech d'Bidder en haarde Kampf geliwwert an de Präis an d'Luucht gedriwwen. Um Enn, mat Fraisen a Kommissioun, huet den neie Besëtzer 103,4 Milliounen Dollar missen op den Dësch leeën.

De fréiere Proprietär hat d'Bild eréischt virun 8 Joer zu London kaf, fir ronn 28,6 Millioune Pond - ëmgerechent 33,3 Milliounen Euro -  an domat fir manner wéi d'Hallschent vum elo bezuelte Präis. An Tëscht goufe scho 5 Wierker vum Picasso fir 100 Milliounen Dollar verkaf. Deen héchste Präis mat 179,4 Milliounen Dollar gouf et 2015 fir "Die Frauen von Algier".

Dass e Picasso-Bild och a Corona-Zäiten esou een héije Wäert huet, weist, dass de Konschtmaart tortz Pandemie weider floréiert.