All zwee Joer organiséiert d’ASBL Café Crème, am Kader vum "Mois européen de la photographie", eng Rei un Foto-Ausstellungen.

Dëst Joer mat engem neie Rekord: 26 Kultur-Institutioune maache mat, mat am Ganzen 30 verschidden Ausstellungen. Ausstellungen déi weisen, wat d’Fotografe vun haut ze bidden huet. D’Patricia Baum war sech déi 3 Expoen an de Cercle Cité, Mudam an MNHA ukucken.

Wann et ëm d'Thema Fotografie geet, ass de Konschthistoriker a Curateur Paul di Felice scho laang eng Referenz hei am Land. De Mois européeen de la photographie ass eng gutt Geleeënheet, d’Entwécklung vum Medium ze weisen. Rethinking Nature an Rethinking Landscape – ënnert dësen Haapttheme steet d‘Editioun vun dësem Joer.

„Wéi gesi mir haut eis Welt an di ökologesch Problematiken a wéi gesinn d’Kënschtler dat. D’Artiste stellen och nach zousätzlech Froen, mee si versichen awer och Äntwerten ze ginn, duerch hir ästhetesch Propositiounen. „ (Paul di Felice)

De Stellewäert vun der Fotografie huet sech an der Konscht ma awer och an der Gesellschaft iwwert di lescht Joerzéngte verännert. An och d’Méiglechkeete gi wäit iwwert de Fotoapparat eraus.

„Fir eis war et interessant ze gesinn, wéi ass d’Fotografie haut par Rapport zu enger Thematik wou d’Fotografie digital, installativ a performativ ass. Et gëtt eng ganz Rei u Medie benotzt fir Fotografie ze maachen, also net nëmmen de Fotoapparat. Mir hunn haut vill Outilen di anescht sinn. Mir wollte kucken, wéi gesinn di opstriewend Kënschtler vun haut esou en Thema wéi d’Natur oder d’Landschaft.“ (Paul di Felice)

Landschaften a Fotografie ginn zënter der Erfindung vum Fotoapparat Hand an Hand. Wat d’Fotografie vun haut och ausmécht ass vum klassesche Kader vun der Landschaftsfotografie fortzekommen. Ee Beispill ass d’Verschaffe vun Archivbiller.

„Dat heescht si huelen net selwer d’Foto mee si ginn se an d’Archive sichen an da ginn se um Computer verschafft an a Form vun enger Installatioun gewisen. Dat ass ganz interessant dobäi d’Evolutioun vun der Fotografie ze gesinn. Sou gesinn ass do en Interesse do al Technike mat neien ze verbannen. D’Bild gëtt a senger dokumentarescher Form gekuckt an dann an e Konschtwierk ëmgewandelt. Et sinn also ganz spannend Zäiten.“ (Paul di Felice)

D’Natur an d’Landschaften iwwerdenken – mat den Ausstellunge bidden d’Artisten en anere Bléckwénkel op eng Thematik déi eis all betrëfft.