"L’avenir des musées: se rétablir et se réinventer", dat ass d’Thema, wat d’ICOM dëst Joer fir den Internationale Muséesdag proposéiert huet.

Dee gëtt zanter 1977 all Joer den 18. Mee gefeiert. An dësem Kontext sinn dann och dëse Weekend déi alljärlech Luxembourg Museum Days.

Dës goufen dann elo fir d’éischt Kéier vun der ICOM Lëtzebuerg organiséiert. Dëst Joer sinn eng 45 Muséeën uechter d’Land mat dobäi. Sou kann een da fir e Weekend gratis d’Ausstellunge kucke goen, sech Concerten ulauschteren a un enger Rëtsch Visitt Guidéen deelhuelen.

Des Weidere ginn och verschidden Ateliere fir Grouss a Kleng ugebueden. Sou dann och am "Naturmusée" an der Stad, deen am Kader vun hirer Mineralienausstellung "From Dark to Light" e Workshop fir Kanner organiséiert huet.

De Workshop war, trotz Pandemie a schlechtem Wieder, e Samschdeg ausverkaaft. Dem Alain Faber, Direkter vum "natur musée", no wier dëst eng flott Manéier, fir de Kanner eppes iwwer Mineralien an héichwäerteg Steng bäizebréngen a se un den Naturwëssenschaften z‘interesséieren.

Wéinst der Pandemie waren d’Luxembourg Museum Days vum leschte Joer haaptsächlech an digitaler Form ofgehale ginn. Dat wier besser gewiescht wéi se ganz ofzesoen – mä ëmsou méi frou wier een elo rëm, kënnen a gewinnter Form sur-place dobäi mat ze sinn. D’Luxembourg Museum Days lafen och dëst Joer iwwer zwee Deeg. De ganze Programm vun e Sonndeg an déi spezifesch Informatiounen zu de jeeweilege Muséeë fënnt een op hirem Site luxembourgmuseumdays.lu.