Wien net genuch vun der erfollegräicher Netflix-Serie "Bridgerton" krut, dierf sech freeën.

Net nëmme sinn 3 weider Staffele vu "Bridgerton" geplangt, ma och e "Spin-off" ronderëm d'Queen Charlotte soll kommen. Am Mëttelpunkt vun där neier Miniserie wäert d'Geschicht vun der Kinnigin stoen; hir Hierkonft wéi och hiert Libesliewen.  Ausserdeem wäert ee méi iwwert d'Figure Lady Danbury an d'Violet Bridgerton gewuer ginn, huet de Streamingdéngscht wësse gedoen.

D'Dréiaarbechte vun der zweeter "Bridgerton"-Staffel hunn iwwerdeems schonn ugefaangen. An éischter Linn wäert de Fokus hei op dem Lord Anthony Bridgerton leien, de Brudder vum Daphne Bridgerton. De Serië-Libling Regé-Jean Page (Simon Basset) wäert allerdéngs net méi matspillen.

Den Titel vun der geplangter Serie gouf nach net matgedeelt. Un der Produktioun bedeelegt ass ënnert anerem d'Shonda Rhimes, déi sech duerch "Grey's Anatomy" en Numm gemaach huet. Donieft war si och schonn d'Produzentin vun der éischter "Bridgerton"-Staffel.

D'Geschicht iwwert d'Londoner High Society aus dem 19. Joerhonnert baséiert op Romaner vun der Schrëftstellerin Julia Quinn.