Zanter e Sonndeg dierfen d'Kulturhaiser hei am Land net méi just 100, ma 150 Leit an hire Raimlechkeeten empfänken.

Fir Haiser wéi de Groussen Theater, wou zu normalen Zäiten ëm déi 950 Leit am grousse Sall Plaz fannen, maache 50 weider Plazen zwar kee risegen Ënnerscheed, ma d'Freed iwwer déi nei "Lockerung" ass natierlech trotzdeem grouss.

Och am Iechternacher Trifolion weist ee sech zefridde mat deem neie Covid-Gesetz. Dat souwisou scho strikt Hygièneskonzept muss net iwwerschafft ginn an och soss ännert sech um Fonctionnement net ganz vill.

Am Hibléck op d'Organisatioun vu kulturelle Manifestatiounen huet sech Lëtzebuerg an deene leschte Méint zu engem europäesche Virbild entwéckelt a gewisen, dass mat gutt duerchduechte Sanitärkonzepter, Live-Kultur mat Public och a Pandemie-Zäite méiglech ass. Bei bestëmmte Veranstaltungen dierfe sech, mat enger Autorisatioun vun der Santé, bis zu 1.000 Leit versammelen. Déi nei Mesurë gëlle viraussiichtlech bis den 12. Juni.