Nom Dout vum Schauspiller huet d'Uni e Mëttwoch elo dës Annonce gemaach. D'Fakultéit kritt den Numm Chadwick A. Boseman College of Fine Arts.

De Boseman war selwer Schüler hei an deemools gouf de College of Fine Arts an der Uni integréiert, et gouf also keng separat Fakultéit, eppes dat dem verstuerwene Schauspiller ëmmer an Dar am A war.

Bekannt war de Schauspiller jo virun allem fir seng Roll als King T'Challa am Film "Black Panther" vun Disney aus dem Joer 2018, deen zu deem Zäitpunkt deels Rekorder gebrach huet.

Seng Famill huet betount, dass den Chadwick Boseman sech vill freeë géif, wann hien dëst nach matkritt hätt, well hie ganz gäre Student op der Howard Universtiy war an hien och zu deem Kënschtler gemaach huet, deen e schlussendlech ginn ass. 2000 huet hien säin Ofschloss do gemaach.

De Boseman ass jo leschte Summer am August am Alter vun 43 Joer gestuerwen, dat nodeem hie 4 Joer géint de Kriibs gekämpft hat.