Wéinst der sanitärer Kris gouf d'lescht Joer zu Diddeleng déi 1. Editioun vum Festival "Ënnert dem Waassertuerm" organiséiert - mat Succès.

Dofir wäert et och dëst Joer erëm esou een Open-Air-Event iwwert de Summer ginn. Freeën däerf ee sech op nach méi e groussen an diverse Programm. De Parking vum Kulturzenter opderschmelz an dem CNA gëtt fir e puer Wochen an en Festivalsite ënner fräiem Himmel verwandelt. Dat Ganzt virun der eenzegaarteger Kuliss vun den Industriefrichen mat sengem imposante Waassertuerm.

Lass geet et de 17. Juni mat der traditioneller Fête de la Musique. Franséisch, däitsch, éisträichesch an natierlech och lëtzebuergesch Kënschtler wäerten op der Bün stoen. Den Optakt mécht de Cali mat sengem neie Projet "Cavale". Fir den Ofschloss ass en elektro-akustesche Concert mat Fool's Garden geplangt. Berüümt ginn ass dës Band jo duerch d'Lidd "Lemon Tree". Um Programm steet donieft och nach déi däitsch Singer-Songwriterin Lotte, Hip Hop vum Mathea an den Éisträicher Josh, deen de Public mat sengem Rock'n'Roll a sengen humoristesche Kompositioune begeeschtere wäert. Déi Lëtzebuerger Zeen gëtt ënner anerem duerch d'Rapperin Nicool, d'Bands Tuys, Portobello, The Tame & The Wild, Zero Point Five oder och nach Dëppegéisser vertrueden.

Iwwerdeems gëtt och den Zeltik-Festival, deen normalerweis am Mäerz ass, an de Programm vun "Ënnert dem Waassertuerm" agebonnen. Iresche Folk vun Hothouse Flowers a Beoga, schottesche Rock vu Skerryvore a lëtzebuergesche Folkpunk vu Schëppe Siwen ginn hei gebueden.

Och den Jazz-Public wäert bei dëser zweeter Editioun op seng Käschte kommen. An der "Jazz Nights"-Rei wäerten Museker wéi Kyle Eastwood, Jaimie Branch, Belmondo Quintet, Reggie Washington, Retrospective 5tet, ARA Sextet an Tele-Port hir neiste Wierker presentéieren.

U musikalesche Stiler ass effektiv sou zimmlech alles dobäi: e Folk-Concert vu Benny & the Bugs, de Gala-Concert vun der Harmonie Municipale de Dudelange, Pop vum Michael Schulte oder Dark Folk vu Rome. An Zesummenaarbecht mat A-Promotions ginn déi däitsch Rapperin Nura oder och nach d'Rocker vun Jupiter Jones op d'Bün bruecht. E weideren Highlight, mat deem de Festival dann och op en Enn geet, dierft den Optrëtt vum däitsche Museker Campino sinn. Begleet vu sengem Gittarist Kuddel wäert de Frontmann vun der Punkrockband Die Toten Hosen seng Geschicht mat Musek, awer och mat Passagen aus sengem Buch "Hope Street. Wie ich einmal englischer Meister wurde" erzielen.

Um Virowend vum Nationalfeierdag gëtt de spektakuläre Concert mam Pink Floyd-Soundtrack vun der Band Echoes gebueden. Foodtrucks a Gedrénksstänn feelen natierlech net.

An da gëtt et och nach eppes fir d'Futtballfans: Si dierfe sech op direkt e puer Public Viewings vun der UEFA Euro 2020 Meeschterschaft freeën. Donieft wäerten och Open-Air-Kinosvirféierunge gebuede ginn.

De Virverkaf leeft iwwer www.opderschmelz.lu. Do fënnt een och de Programm an allen Detailer.