Wien trotz dem weltwäite Succès nach ëmmer net déi éischt Staffel vu “Capitani” gesinn huet, sollt elo léiwer net weider liesen – Spoilergefor!

Mir schwätzen nämlech iwwert d’Suite vun der Serie ronderëm de mëttlerweil Ex-Inspekter Luc Capitani a seng Kolleegin Elsa Ley. Déi Zwee hu jo zesummen an engem Mordfall am fiktiven Duerf Mënscht ermëttelt. Opgehal huet d’Serie mam Capitani an Handschellen. Elo geet et da weider mat der Geschicht, e puer Joer drop. Zanter puer Wochen stinn d’Acteure rëm virun der Kamera. Mir hu si um Set besicht an iwwert déi nei Saison ausgefrot.

Um Méindeg am Garer Quartier. Fir d’Acteuren vun der Lëtzebuerger Erfollegsserie “Capitani” steet een ustrengenden Dréidag um Programm. Bei Temperaturen ëm di 20 Grad an enger Sonn, déi sech scho laang net méi esou schéi gewisen huet, mussen d’Schauspiller lafen, lafen, an nach eemol lafen. An dotëscht och deen een oder anere Stunt abauen. Gefilmt gëtt nämlech eng Course Poursuite. “Ech hu wierklech mega gär esou Deeg, wou’s de éischter physesch aktiv bass. Du bass einfach net sou am Kapp, et ass méi stimulant iergendwéi (...) an du léiers och ëmmer nei Saachen”, erzielt d’Sophie Mousel eis an enger kuerzer Dréipaus. Déi jonk Schauspillerin verkierpert d’Polizistin Elsa Ley a freet sech op d’Action-Sequenzen an der zweeter Staffel. D’Geschicht spillt sech nämlech am Garer Quartier of – an engem Milieu tëscht Drogekriminalitéit a Prostitutioun. Den obligatoresche Mord dierf an enger Krimi-Serie natierlech och net feelen. Ma net just d’Story huet sech weider entwéckelt, mee och de Budget, dee geklommen ass. “D’Moyene sinn e bëssen anescht, mir hu bësse méi Suen”, erkläert de Showrunner Thierry Faber, “mir hunn zwou Kameraen, mir hunn e Stuntman um Plateau, mir hu verschidde Manéieren, wou mer d’Kamera kënne beweegen, wat scho cool ass. Mee mir hunn awer nach ëmmer net méi Dréideeg, wat am Fong wierklech de gréissten Challenge ass an nëmmen 60 Deeg ze dréinen”

Mëttlerweil si se schonn an der 9. Woch ukomm a sou lues mécht sech Middegkeet breet, esou de Luc Schiltz, deen um Set nach op säin Asaz waart. “Well mer méi baussen dréien a méi an der Stad dréien an ëmmer d’Plaze wiesselen – mir ware jo soss vill zu ‘Mënscht’ – dat ass vill méi spannend awer och ermiddend”, esou de Luc Schiltz, deen d’Haaptroll vum Luc Capitani spillt. Vill Imprevuen a Geräischer géinge fir zousätzleche Stress suergen, erkläert d’Sophie Mousel: “Mee et ass e Milieu oder e Quartier, deen ech net gutt kennen an et ass interessant, en esou kennenzeléieren. Du hues Zäit d’Leit ze beobachten, dech heiansdo dohin ze sëtzen an ze kucken.”

Kucken an observéiere maachen awer och déi Leit, déi laanscht ginn. Ëmmer rëm ginn d’Sophie a seng Schauspillkollegen op der Strooss erkannt, u Foto-Ufroen hu si sech zanter der éischter Saison och gewinnt. Esou maachen de Capitani a Co. wärend den Dréiaarbechten dann och emol puer Selfies mat hire Fans.

Wat seng Roll ugeet, freet de Luc Schiltz sech iwwert d’Entwécklung vum Capitani. Wou hien an der éischter Saison nach genervt war vum dauer-granzegen Enquêteur, kann hien elo och aner Säite vun him weisen. De Capitani wier net méi dee selwechten a géing elo, dräi Joer méi spéit, duerch aner Emotiounen a Situatioune goen, esou de Luc Schiltz. An och d’Sophie Mousel freet sech iwwer d’Entwécklung vum Elsa Ley, wat sech mëttlerweil bal wéi een anere Personnage géing ufillen. “Ech si ganz zefridde mat dëser Staffel, besonnesch well se wierklech ganz anescht ass wéi déi éischt. Den Univers, d’Stëmmung an d’Ästhetik ass anescht. Ech freeë mech drop a si gespaant op d’Resultat”, esou d’Sophie Mousel.

Gespaant dierf een och op déi éischt Begéinung tëscht dem Elsa a Capitani sinn, déi sech no laanger Zäit an an engem neie Kontext erëm gesinn. Ob oder wéi si rëm zesummen enquêtéiere wäerten, soll de Spectateur da selwer erausfannen – d’nächst Joer, wann d’Fortsetzung vun der Serie op eiser Antenn diffuséiert gëtt. Wéi et no dëser Saison “Capitani” weidergeet, steet nach net fest. De Schluss wier weder oppen nach zou, esou den Thierry Faber. “Et ass net esou, dass et no enger drëtter Saison rifft. Mee dat hat fir mech déi éischt Saison och net – och wann d’Leit dat anescht gesinn – mee mir hunn déi éischt Saison ni geschriwwen mat der Iddi eng zweet ze maachen.”