Wann ee Monument an der Stad d'Touristen an och ëmmer nach d'Lëtzebuerger intresséiert, dann ass dat d'Gëlle Fra.

Eng Skulptur vum Claus Cito. Si gouf als Erënnerung un den 1. Weltkrich entworf, huet am 2. Krich als Symbol vun der nationaler Identitéit Karriär gemaach an erënnert och un d'Lëtzebuerger am Korea-Krich. Datt sech ronderëm d'Gëlle Fra eng sëllege Geschichte gesponnen hunn, gëtt ee gewuer, wann een eng Visite Guidée zu dësem Thema matmécht. D'Monique Kater war bei enger derbäi an ass esouguer nach méi wäit siche gaangen.

Mir hunn dem Frieda net laang misse fléiwen, dass si géif als Statist matkommen, si intresséiert sech nämlech fir d’Lëtzebuerger Geschicht an ass net wéineg paff iwwer dat, wat si am Stadion a wärend de Visites Guidéeën, déi se reegelméisseg matmécht, gewuer gëtt. D’Gëlle Fra ass do keng Ausnam.

Geschichten iwwer d’Gëlle Fra ginn et der, därer, déi wouer sinn, wou een awer net versteet, wat firwat geschitt ass, well et u sech net ka sinn. Si, déi 1940 am Oktober d’Symbol ass vun der Onofhängegkeet vu Land a Leit wier 1955 vergiess ginn, soe se. Wou?, ma eben op der Areler Strooss.

Dass d'Gëlle Fra eppes huet, confirméieren och eis déi – nenne mer se "Nei-Lëtzebuerger", déi sech fir hiert Land an deem seng Geschicht intresséieren.

Wann den Historiker Robert Philippart seng Visites Guidéeë mécht, kritt ee scho bal ze vill Informatiounen op ee Coup. Där historescher, dorënner och därer, déi esou muncher ee gär vergiess hätt.

Do gëtt een op eemol gewuer, dass d'Kierch eis Damm ze vill plakeg fonnt huet, dass d'Lady Rosa, also déi schwanger Gëlle Fra, an där Saach d'Kiischt um Kuch war an dass et do eng Rumeur gëtt, dass d'Politik se deemools an de 50er gäre vergiess hätt an dass d'Chinesen eis eng Kopie erëm ginn hätten. Déi nächst Visite guidée kënnt - avis aux amateurs.