D'US-Actrice a Regisseurin gëtt fir hir kënschtleresch Karriär an aussergewéinlech Perséinlechkeet beim Filmfestival geéiert.

Déi 58 Joer al Gewënnerin huet sech immens doriwwer gefreet an erkläert, hir Invitatioun als Éieregaascht ze benotzen, fir "e puer weis Wierder ze schwätzen oder neie Generatioune vu Cineaste vun e puer Aventuren ze beriichten". Nieft hir hunn och schonn d'Jane Fona an d'Agnès Varda eng gëlle Palm kritt.

De Filmfestival zu Cannes ass vum 6. bis de 17. Juli. Virsëtzende vun der Jury ass dëst Joer den US-Regisseur Spike Lee. Hie war scho fir d'Editioun 2020 virgesinn, ma déi huet coronabedéngt missen annuléiert ginn.