Kulturell Rendez-vouse fir d'Woch: Because Music Matters, Reouverture Villa Vauban, Beethoven's Dance, Out of Range am Mierscher Kulturhaus

Remo Cavallini: de 4. Juni

"Because Music Matters" ënnert deem Titel stoung och schonn de Serge Tonnar den 21. Mee nees an enger voller Rockhal op der Bün. D'Concertsorganisateure gehéieren zu deenen déi d'Kris ganz haart getraff huet. An Zesummenaarbecht mat der Santé soll dës Rei u Concerten et nees erméiglechen, vill Leit an de grousse Sall vun der Rockhal ze loossen. Test, Mask, Distanz - d'Mesurë mussen agehalen ginn, ma d'Testconcerten erméiglechen et awer, esou e wichtege Suivi fir d'Zukunft kënnen ze maachen.

Ënnert dem Motto: Blues Power Live Show, steet dann net just d'Remo Cavallini Band op der Bün. Vill verschidde Blues Museker wäerten e Freiden den Owend fir vill Ambiance an der Rockhal suergen: Heavy Petrol, Kid Colling, René ‘Cleanhead’ Cavallini, Noël Boentges, Chantal Gottschalk an den Dave White.

Reouverture Villa Vauban: den 5. Juni

Wéinst Ëmbau-Aarbechte war d'Villa Vauban fir e puer Méint zou. E Samschdeg mécht de Musée awer erëm seng Diere fir de Public op an dat mat enger neier permanenter Ausstellung.

"Une promenade à travers l'art" weist europäesch Molereien a Skulpturen aus dem 17. - 19. Joerhonnert. D'Ausstellung hëlt de Visiteur mat op eng Rees duerch 3 Joerhonnerten an duerch vill Länner. Vun der hollännescher, italienescher bis zur franséischer Konscht. Eng nei a grouss Videoprojektioun déngt zousätzlech als Introduktioun a weist déi grouss Varietéit u Sujeten a Stiler aus där Zäit.

RTL

Beethoven's Day op ARTE: den 6. Juni 

9 Symphonien an 9 Stied: E Sonndeg verbënnt dem Beethoven seng Musek 9 verschidden europäesch Stied mateneen, dorënner och Lëtzebuerg. Pro Stad gëtt eng Symphonie vum Beethoven vun engem Orchester gespillt a live iwwerdroen.

Lëtzebuerg kënnt als véiert un d'Rei an den OPL spillt esou dann och déi 4. Symphonie vum Beethoven. De Projet verbënnt awer och zwou Disziplinne mateneen, nämlech Musek an Danz. Wärend den Orchester an der Philharmonie spillt, gëtt bausse virum Gebai gedanzt. Ënnert der artistescher Leedung vum Sylvia Camarda, interpretéieren e Grupp vu jonken Dänzer d'Musek vum Beethoven. Gedanzt gëtt virun der Philharmonie, dem Mudam, der Festung an dem Musée Dräi Eechelen. E Parcours, dee gefëllt ass mat vill Geschicht a Kultur.

Um 12h45 fänkt de "Beethoven Day" op Arte un. Di chronologesch Reiefolleg vun de Stied a Symphonien: Bonn (Gebuertsstad vum Beethoven), Dublin, Helsinki, Lëtzebuerg, Prag, Lugano, Delphes, Stroossbuerg a Wien.

"Out of Range" am Mierscher Kulturhaus: de 4. - 5. Juni

Mam Danzprojet "Out of Range" bréngen d'Choreographen Saeed Hani Moeller an den Giovanni Zazzera ënnerschiddlech kënschtleresch Iddien op d'Bün. Hir gemeinsam Iddi ass awer déi vun der Diversitéit vun de Mënschen. D'Wuert Diversitéit huet villes ze bidden, och eng Wäertschätzung vun all de Mënschen, onofhängeg vu wou se kommen, hirer Relioun, hirem Geschlecht, Alter oder sexueller Orientéierung. "Out of Range" ass eng Recherche vu gesellschaftlechem Potenzial a mënschlecher Villfalt.

Fir de Spektakel "Out of Range" sti 6 Dänzer op der Bün. Première ass e Freideg am Mierscher Kulturhaus.