Wéi 1918 den 1. Weltkrich am Gaang war an déi spuenesch Gripp d'Welt fest am Grëff hat, waren d'Theateren zou.

An dëser Situatioun gouf "Die Geschichte vom Soldaten" konzipéiert, e Stéck fir ze liesen, ze spillen an ze danzen.

Elo wärend der Corona-Pandemie hunn déi Lëtzebuerger Theater- Compagnie "Kopla Bunz" an de Musek-Ensembel "Kammerata Lëtzebuerg" dëst Stéck nei inzenéiert.

Museker, Schauspiller an en Dänzer erzielen op der Bün vum Ettelbrécker Cape d'Geschicht vum Zaldot, deen e Pakt mam Däiwel schléisst. Naiv wéi en ass, tauscht hie seng Gei géint ee Buch, dat him éiwege Räichtum a Gléck versprieche soll.

Fir d'Musek ass den Ensemble Kammerata Lëtzebuerg zoustänneg. Fir déi 7 Museker an hiren Dirigent ass dës Produktioun eng flott Erausfuerderung an Ofwiesslung.

D'Plaze fir d'Virstellung am Cape si scho knapp, ma am Abrëll d'nächst Joer soll dëst Stéck och op der Bün vum Iechternacher Trifolion gespillt ginn.