Den Urban Art Festival vun der Kulturfabrik huet scho vill iwwert di lescht Joren dozou bäigedroen, Konscht am ëffentleche Raum visibel ze maachen.

Zanter 7 Joer gëtt et elo schonn den Urban Art Festival zu Esch. Fir d'Organisateure vun der Kulturfabrik ass et e ganz beléiften a wichtege Festival. D'Artiste kënne jo hei den ëffentleche Raum mat hire Kreatioune ganz nei gestalten. Dat Ganzt huet awer och e soziale Volet an esou steet d'Editioun vun dësem Joer am Zeeche vun der "Funktionaler Konscht".

Den Urban Art Festival vun der Kulturfabrik huet scho vill iwwert di lescht Joren dozou bäigedroen, Konscht am ëffentleche Raum visibel ze maachen. D’Zil vum Festival ass et awer och d’Konscht accessibel ze maachen, de Plazen e neie Flair ze ginn, an d’Kreativitéit ze fuerderen.

11 Interventioune vu verschidde Kënschtler stinn dofir dëst Joer um Programm. D’Illustratrice Irina Moons, schafft normalerweis vill fir sech an an hirem Atelier. Fir si ass et eng Première esou eng grouss Kreatioun am ëffentleche Raum ze gestalten.

D’Irina Moons schafft iwwert di ganz Längt vun der Uelzechtstrooss. Fir hir Illustratioune benotzt si Autobunnsfaarwen, déi schwéier ze handhabe sinn, ma awer dofir en vue vun Esch 2022, laang wäerten halen. D’Iddi vun hirem Projet ass et Détailler vun de Gebaier di an der Uelzechtstrooss sinn op de Buedem ze projezéieren an dat an hirem ganz eegene Stil.

Vill Street Art Wierker si scho fäerdeg, ma di eng oder aner Interventioune ginn awer nach bis Enn Juni realiséiert. An de ganze Programm vum Urban Art Festival geet nach bis Mëtt Juli.