D’lescht Joer waren et genau 250 Joer zanter dass den däitsche Komponist a Pianist Ludwig van Beethoven zu Bonn op d’Welt komm ass.

An dësem Kontext hat ARTE u sech e spezielle Beethoven-Dag geplangt. Wéinst der Pandemie gouf deen awer ofgesot. Ronn ee Joer drop ginn d’Festivitéiten elo endlech nogeholl. Den Titel „Mit Beethoven durch Europa“ ass heibäi Programm.

An zwar ginn dëse Sonnde Mëtten dem däitsche Komponist seng 9 Symphonien der Rei no an 9 verschiddene Stied vun 9 verschiddenen Orchesteren uechter Europa gespillt – ugefaangen zu Bonn wou de Beethoven gebuer ass an d’Majoritéit vu senger Kandheet a Jugend verbruecht huet – iwwer Dublin, Helsinki, Prag, Luganer Séi, Delphi, Stroossbuerg bis Wien – wou de Beethoven laang Zäit musizéiert huet a schlussendlech och un enger Liewerzirrhos verstuerwen ass. An och Lëtzebuerg ass mam OPL mat dobäi. Dee spillt dann déi 4.Symphonie a B-Dur spillt, dirigéiert vum Gustavo Gimeno.

Am Géigesaz zu Bonn a Wien huet Lëtzebuerg keng direkt an dokumentéiert Connectioun zum Beethoven. De Grond fir eis Participatioun beim Beethoven-Dag ass d‘Dänzerin a Choreographin Sylvia Camarda, déi schonn dacks mam ARTE kollaboréiert huet a sou och dës Kéier gefrot gouf fir zu Lëtzebuerg eppes z’organiséieren. Vue dass si deen Ament schonn amgaange war mat der Fondatioun EME un engem Danz-Atelier fir d’Schüler vum LTC, Annexe Kierchbierg, ze schaffen, hu si dunn decidéiert déi zwee Projeten ze kombinéieren. Sou wäert d’Stéck muer vun 8 Schüler mat Migratiounshannergrond opgefouert ginn, déi sech fräiwëlleg gemellt hu fir mat dobäi ze sinn.

De ganze Concert fänkt muer um 12h45 op ARTE un – de Lëtzebuerger Deel kënnt dann ab 16h00 drun. Fir eise Reportage, ware mir haut op d’Generalprouf luussen.