Virun 21 Joer gouf den Museks Ensemble United Instruments of Lucilin gegrënnt. Wéinst dem Covid goufen d’Feierlechkeeten op dëst Joer verluecht.

De Régis Thill war fir eis an dee rezente Concert vun Lucilin an den Halen vum Carré Rotondes zu Hollerech. Al Gemaier begéinen do zäitgenëssesch Musek.

Vun Ufank un huet den Ensembel sech fir zäitgenëssesch Musek agesat. Net nëmmen, dass e Wierker gespillt huet, mä en huet der och bei Compositeuren bestallt an natierlech opgefouert. Méi wéi 600 bis elo.

United Instruments of Lucilin ass nei Weeër gaangen, déi wäit ewech waren vun deem, wat traditionell vum Public an der Musek erwaart gëtt. Innovatioun a spektakulär Aktiounen hunn hir Plaz am Programm. Sou och e Freideg den Owend, wou déi al industriell Halenarchitektur sech vu Kläng fëlle gelooss huet. U sech hunn d’Kläng versicht, de Bau an eng nei Form ze zéien, gewëssermoossen eens ze ginn mat der Architektur, fir en neien Klangkierper ze produzéieren. Zäitgenëssesch Musek lieft eben net vu Melodien. D’Leit souzen matzen ënnert de Museker.

United Instruments of Lucilin sinn professionell Museker, déi de grousse Wonsch hunn, och als Ensembel kënnen professionell onofhängeg ze sinn. Dat heescht just vun deem kënnen ze liewen, wat hir Produktioun an Interpretatioun vu Wierker ass.