"Wellbeing – Mental noise" ass een intensive Projet, deen an enker Zesummenaarbecht mat 160 Lycéesschüler entstanen ass.

D'Stéck léisst de Spectateur an d'Gefillswelt vu Jugendlechen andauchen an hält him sou deen aktuellen Zoustand vun der jonker Generatioun virun Aen. Doriwwer eraus soll dëst Stéck awer och e wichtege Message vermëttelen, deene Jonken, wéi och den Erwuessenen.

Dräi Duersteller verkierperen an dësem Stéck eng ganz Generatioun mat all hiren Ängschten, hire Bedierfnesser an hiren Hoffnungen. Ee vun hinnen ass de Museker Thomas Faber, och bekannt als MAZ, dee fir seng Texter am Stéck op Temoignagë vu Schüler zeréckgegraff huet.

Fir déi vill Jonker, op deenen hire Gedanken an Andréck dëse Projet baséiert, war dëst ee ganz besonnesche Projet, aus deem jiddweree fir sech eng wäertvoll Erkenntnis matgeholl huet.

Den Interêt fir dëst Stéck war sou grouss, dass all d'Plaze fortgaange sinn, wéi waarm Bréidercher.

Weider Informatiounen fënnt een hei.