Zu Berlin geet e Mëttwoch den Owend de Summer Special vun der Berlinale mat Projektiounen dobaussen un.

Bis den 20. Juni ginn op 16 verschiddene Plaze Filmer gewisen, ënnert anerem an engem Open-Air-Kino op der "Museumsinsel", deen extra fir dës Summer-Berlinale opgeriicht gouf. Hei ass och d'Ouvertureszeremonie geplangt.

Den eigentleche Filmfestival uganks Mäerz war coronabedéngt komplett digital. De gëllene Bier war dëst Joer fir de rumänesche Film "Bad Luck Banging or Loony Porn". D'Präisser ginn den 13. Juni nodréiglech iwwerreecht.