Nodeems déi 3. Editioun lescht Joer huet misse wéinst der sanitärer Situatioun annuléiert ginn, komme Konschtfrënn dësen Hierscht nees op hir Käschten.

Dëst Joer steet d'Editioun ënnert dem Motto "Viv(r)e la matière". 2016 war déi éischt Editioun vun der Initiativ "De Mains de Maîtres", déi vun der ierfgroussherzoglecher Koppel lancéiert, gouf fir dem Handwierk a virun allem dem Konschthandwierk méi Visibilitéit ze ginn.

138 Kënschtler aus dem Grand-Duché hunn hir Kandidatur eragereecht, iwwert d'Hallschecht vun hinnen huet eng éischte Kéier matgemaach. 69 Projete goufen zeréckbehalen, déi kaum méi ënnerschiddlech kéinte sinn. Vu Material aus Glas, Holz, Metall oder Keramik ass alles dobäi.

Vum 25. bis den 28. November kann de Publikum nees d'Kënnen an d'Schafe vun Artiste gesinn, déi sech dem Konschthandwierk verschriwwen hunn. Rendez-vous am prestigiéise Kader vun der 19Liberté.

Wéi schonn déi Jore virdru geet et och bei dëser Editioun nees aus de Maueren eraus an d'Muséeën, d'Galerien an d'Atelieren an der Stad Lëtzebuerg.

Adress & Horairen

De Mains De Maîtres Luxembourg

Biennale des Métiers d'Art 2021

19 LIBERTÉ

19, Avenue de la Liberté, L-1931 Luxembourg

0uverture au public:

Tous les jours de 10h à 18h30
Mercredi 24 novembre: Journée Professionnelle (sur invitation)
Jeudi 25 novembre -nocturne jusqu'à 21h
Vendredi 26 novembre
Samedi 27 novembre
Dimanche 28novembre

Lundi 29 novembre: Journée réservée aux lycéens (sur réservation)