Mat sengen Animatiounsfilmer, déi op Kuelenzeechnunge baséieren, ass de Kënschtler weltbekannt ginn.

Mat sengen Animatiounsfilmer, déi op Kuelenzeechnunge baséieren, ass hie weltbekannt ginn. De William Kentridge, dee gebierteg aus Südafrika kënnt, ass den Ament hei zu Lëtzebuerg am Kader vum Red Bridge Project. E Projet dee vun der Philharmonie, Mudam an dem Groussen Theater initiéiert ginn ass, mat der Iddi Brécken ze bauen tëschent den Institutiounen, ma och tëschent den Disziplinnen.

Zeechnen, Theater, Musek, Film an Oper - dem William Kentridge säi Repertoire léisst sech net just op eng Disziplin limitéieren. Eppes woufir de Kënschtler bekannt ass an domat ass de Red Bridge Project wéi fir hie gemaach. Den Ament gëtt am Groussen Theater seng neisten Oper “Sibyl” geprouft. E Stéck dat spezifesch am Kader vum Red Bridge Project entstanen ass. A fir de William Kentridge selwer ass et eng Freed endlech erëm an engem Theater ze schaffen.

“Et ass esou schéin och déi Energie vun de Performer, déi vun de verschiddenste Plaze vun der Welt kommen, erëm ze spieren. Et ass di éischte Kéier zënter 18 Méint wou mir elo erëm zesummekommen. Fir mech als plastesche Kënschtler war de Lockdown nach gutt auszehalen, well ech awer a mengem Atelier konnt weider schaffen. Awer fir all meng Kolleegen, Performer, Dänzer, Schauspiller a Museker waren di läscht 18 Méint ganz fuerchtbar. Fir jiddereen ass et also elo eng grouss Erliichterung, Freed an e Privileeg erëm zréck am Theater ze sinn.” (William Kentridge)

Seng Heemecht Johannesburg inspiréiert de William Kentridge ëmmer erëm a sengem Schaffen. Och wann et a senger Aarbecht net iwwert Südafrika geet, ernäert hien sech awer vu senger Stad an där hien elo schonn zënter 66 Joer wunnt.

“Ech droen d’Stad déif a mir. D’Stad ass am Fong wei eng Animatioun, si baut sech op an ass stänneg a Beweegung. Johannesburg huet vill schéi Plazen, genau sou wéi et ganz elle Säiten huet. Et ass eng lieweg a provokativ Plaz fir ze liewen an ze schaffen.”

Op der Bün vum Groussen Theater geschitt eng Interaktioun mam William Kentridge sengen Zeechnungen, de Schieter, den Dänzer, Museker an Acteuren. D’Relatioun tëschent dem Toun a Bild sinn immens wichteg an esou kann och d’Oper „Sibyl“ op verschidde Levele gekuckt a gelauschtert ginn.

„Wéi verännert sech d’Bild unhand vun deem wat een héiert, an wéi verännert sech den Toun unhand vun deem wat ee gesäit? Et ass also ëmmer eng Interaktioun tëschent Bild an Toun do. Wéi eis Aen an Oueren sech ofwiesselen a matenee funktionéieren a schaffen, dat ass eppes wat mech beschäftegt an et léisst eis d’Welt verstoen.“ (William Kentridge)

De Freiden den Owend ass Première vun der Oper „Sibyl“, déi nach bis den 13. Juni gespillt gëtt.