Zanter 2019 ginn et zu Hongkong Masseprotester géint den Afloss vu Peking, deen ëmmer méi staark gëtt.

Als Reaktioun dorop huet d'Regierung lescht Joer e Sécherheetsgesetz agefouert, dat den Autoritéiten e méi haart Virgoe géi sämtlech Aktivitéiten erlaabt, déi hirer Opfaassung no d'national Sécherheet am Land menacéieren.

Alleguerten d'Handlungen, déi eng Strofdot kéinten duerstellen, fir d'national Sécherheet a Gefor ze bréngen, musse verhënnert ginn, sou d'Erklärung vun den Autoritéiten. Dofir sollen d'Filmer elo op méiglech Verstéiss gepréift an d'Zensur verstäerkt ginn.

Nëmme wéineg westlech Filmer oder Dokumentatioune ginn a China verëffentlecht.