Et war eng Nouvelle, déi vill Tolkien-Fans dierft gefreet hunn. Warner Bros an New Line Cinema wëllen nämlech en neien "The Lord of the Rings"-Film dréien.

Anescht wéi bei den Deeler virdru soll et dës Kéier allerdéngs en Animatiounsfilm ginn, deen onofhängeg vun der Amazon-Serie produzéiert gëtt. Dat mellt op alle Fall den US-Magazin "Variety". D'Handlung spillt eng 260 Joer virun der Filmrei. Am Fokus wäert d'Virgeschicht vum Helm Hammerhand stoen.

Un der Produktioun ass zum Deel och dat selwecht Personal bedeelegt wéi bei den éischte Filmer. Dorënner d'Dréibuchschrëftstellerin Phillipa Boyens. De Kenji Kamiyama soll iwwerdeems d'Regie iwwerhuelen. Hien ass bekannt duerch Produktioune wéi "Ghost in the Shell: Stand Alone Complex". De Choix vum Produzent ass op den Joseph Chou gefall.

Wéi et heescht, wier de Casting fir d'Synchronspriecher schonn amgaangen. Et ass awer nach net gewosst, wou den neien "The Lord of the Rings"-Deel verëffentlecht gëtt. Ob am Kino oder nëmmen op Streamingplattformen, dat bleift ofzewaarden.