No engem Joer covid-bedéngter Paus huet e Freideg rëm de Monodrama-Festival ugefaangen.

Allgemeng wier et schwiereg gewiescht, de Festival z’organiséieren, sou de Grënner vum Monodrama-Festival, Steve Karier.

Vue dass d’Kënschtler aus verschiddene Länner areesen, wou jeeweils verschidde Restriktioune gëllen, wier bis elo och nach net kloer, ob een all d’Stécker kéint sou spille wéi dat u sech virgesi war. Den Optakt war awer mol an zwar huet deen déi Lëtzebuergesch-Litauesch Schauspillerin a Schrëftstellerin Gintare Parulyte gemaach. Fir si war dat elo fir d’zweet dass si de Festival lancéiert huet.

Déi éischt Kéier war 2018 – deemools mat hirem autobiographesche Stéck „A Lithuanian in the land of bananas“. An och dëst Joer presentéiert si e Monolog dat hier perséinlech immens wichteg ass (wann och net autobiographesch): „Lovefool“.

Per Definitioun ass e „Lovefool“ een, dee verléift ass an eng Persoun, déi dës Léift awer net deelt. Sou seet den Titel vum Stéck u sech schonn, ëm wat et geet. D’Grace, gespillt vum Leila Lallali, ass eng jonk Schauspillerin, déi probéiert sech an där haiteger Welt erëmzefannen a sech ëmmer an déi falsch Leit ze verléiwe schéngt.

D’Resultat ass e gelongent Stéck, an deem sech Komedie an Drama vermëschen.