Den Atelier huet e Méindeg en éischte Concert no iwwert engem Joer Paus annoncéiert. De 24. Juli kënnt d'Musekerin op Munneref an de Parc thermal.

No méi wéi engem Joer Paus am Evenementiel, ginn d'Aktivitéiten hei am Secteur nees un, dat well mam neie Covid-Gesetz jo Restriktioune méi labber goufen oder komplett ewechgefall sinn. No enger Partie beim Atelier e Sonndeg, gouf e Méindeg dann en éischte Concert fir de Summer annoncéiert. De 24. Juli kënnt d'Selah Sue, eng R&B-, Soul-, a Reggae-Musekerin op Munneref an de Parc thermal, zougelooss sinn 1.500 Leit. Am Virprogramm spillt Herr Bender feat. Edsun, d'Dieren ginn um 19 Auer op. D'Ticken kann ee vun elo un op Atelier.lu kafen. Méi genee Infoen iwwert Horairen a Parking ginn et 10 Deeg virum Concert selwer.

De Michel Welter, Gerant an Associé vum Atelier, freet sech natierlech nees e Concert dierfen z'organiséieren an et wier och natierlech en Event, déi dem Atelier och um Häerz läit.

Zesumme mat der Santésdirektioun a mam Gesondheetsministère huet den Atelier heivir e Konzept ausgeschafft, sou dass de Concert dann och dem "CovidCheck"-System ënnerläit. An anere Wierder muss de Client, deen op de Site vum Concert wëll, eng vun den 3 Konditiounen (getest, geimpft, gesond) erfëllen. Um Site selwer wäerten da keng weider Mesure mussen agehale ginn, sou de Michel Welter am RTL-Interview. Also weder eng Mask muss gedroe ginn, nach brauch eng Distanzreegel agehale ginn. 1.500 Leit dierfen am Ganzen op de Site zu Munneref am Parc thermal, dat wuelverstanen am Stoen. De Michel Welter ass der Meenung, dass virun allem d'Afféiere vum CovidCheck un enger Ouverture am Evenementiel bäigedroen huet.

Bannen am Atelier selwer ass bis ewell nach näischt geplangt, sou dass een sech och scho virun e puer Méint gesot huet, et misst een op Open-Air iwwergoen, well dëst natierlech méi einfach mat de gesetzleche Mesuren ëmsetzbar ass, wéi an engem zouene Raum, wéi den Atelier et ass.

E Sonndeg war am Atelier och eng kleng Party, fir de Start an d'Concertsliewen nees virsiichteg anzelauden, hei waren och de Premier Xavier Bettel, d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert an de Mëttelstand- an Tourismusminister Lex Delles present. Fir de 24. Juli, do ass ee sech säitens dem Atelier och sécher, géif de QR-Code an de CovidCheck sech dann och schonn e Stéck méi agebiergert hunn an deelweis zu der Normalitéit scho wäert gi sinn.