De Stater Park, d'Péitruss, d'Faubourgen an de Kierchbierg stinn am Zentrum vum Luxembourg Urban Garden, esou d'Ann Muller.

Zënter Januar huet d'Luga, d'Lëtzebuerger Gaardenausstellung, e Gesiicht! D'Ann Muller, eng Lëtzebuerger Berlinerin, hat bis elo berufflech mat Gäertnerei u sech näischt ze dinn, huet sech awer, wéi se vun der Luga héieren huet, Hals iwwer Kapp an de Projet verléift an ass ebe vu Berlin zeréck an d'Stad geplënnert.  D'Ann Muller ass begeeschtert vun deem, wat hei fir eis Natur gemaach gëtt a nennt d'Gaardenausstellung, déi ass vu Mee bis Oktober 2023, en Häerzensprojet.

Den Ament schafft si an enger Ekipp vu 5 um Masterplang fir déi 1. Lëtzebuerger Gaardenausstellung. Villes dierft si nach net erzielen, eréischt an e puer Méint géife Konzept an Inhalt presentéiert, mä dat Bëssen, wat mir gewuer gi sinn, mécht effektiv Loscht op méi.

Véier Sitte ginn an d'Luga erageholl: De Stater Park, Péitruss, d'Faubourgen an de Kierchbierg. Et sinn dann och véier Themen, déi iwwer sechs Méint de sougenannten "Urban Gardening" sollen illustréieren.

Ëmwelt, Biodiversitéit, Economie Circulaire, Iessen an Drénken, Landwirtschaft: Wéi goufen a wéi ginn dës Themen an eiser Haaptstad gelieft?!

Dat Ganzt wier e participative Projet, seet d'Coordinatrice vun der Luga, dat heescht, all Iddi fir d'Gartenschau de Luxe ass wëllkomm, an et hätt een effektiv 500 Proposen erakritt. Déi goungen duerch e Jury, an deen hätt der elo mol 150 zréckbehalen.

Wéi gesot, ze vill konkret dierft si net ginn, et däerf ee jo och net vergiessen, dass de Staat an d'Stad Lëtzebuerg hannert der Luga stinn.

Mat Politik hätt si als Cheffin vun der ASBL näischt ze dinn, seet d'Ann Muller, déi d'Skeptiker, wat d'Erhale vun der Péitruss ugeet, berouegt. Natierlech géif mat där "wëller Säit" vum Dall geschafft, mä eraus kéim herno e Bijou! De Patrimoine géif hei eescht geholl, Fauna a Flora souwisou.

Bis da méi Konkretes um Dësch läit, muss ee sech mat observéieren zefridde ginn. Falen nach méi Beem? Wat kënnt ewech u Gemaiers a wat gëtt einfach zougetippt, also am Buedem gelooss, fir der Péitruss en neit Bett uewendrop ze maachen? Froen un d'Politik, déi op alle Fall schéngt decidéiert ze hunn, d'Luga net, wéi ugangs gesot, um Deel vum Gronn bis bei d'Nei Bréck z'organiséieren, mä e gutt Stéck méi wäit bis hannert d'Gäert.

Esou e Projet géing einfach stänneg wuessen a sech änneren, sou d'Explikatioun. Dat kann esou munches heeschen, well bis bei d'Lëtzebuerger Gaardenausstellung sinn et nach 2 Joer.

Luga 2023 / Reportage Monique Kater