Nodeems den Heavy-Metal-Festival zu Wacken ofgesot gouf, ass vum 16. bis den 18. September eng méi kleng Editioun mam Titel "Bullhead City" geplangt.

Ee vun de gréissten Heavy-Metal-Festivallen op der Welt, de Wacken Open Air, gëtt dëst Joer ënner enger anerer Form organiséiert. Amplaz vun de gewinnten 80.000 Metal-Fans sollen et nëmmen 20.000 bis 30.000 Mënsche sinn.

Schonn d'lescht Joer war de Festival wéinst der Corona-Pandemie ofgesot. De "klenge Wacken" soll de Wee zeréck an d'Normalitéit sinn.

Wat bis elo gewosst ass: Zwou grouss Büne si geplangt an eng sëllege Bands hunn zougesot, dorënner Doro Pesch a Skyline, d'Band vum Wacken-Grënner Thomas Jensen. Headliner ass Blind Guardian.

Eng Uewergrenz u Spectateure soll nach vun den zoustännegen Autoritéiten festgehale ginn. Wat sécher ass, et soll ee sech un d'Hygiènes-Reegelen halen.

De Festival ass vum 16. bis den 18. September.