Den Hollywoodstar versicht schonn zanter e puer Joer, fir seng Aarbecht mat sengem Wunnuert ze verbannen.

De Studio soll zu Coffs Harbour, südlech vu Brisbane, entstoen. Hei géif e Resort ëmgebaut ginn. De Projet huet aktuell den Numm "Pacific Bay Resort Studios an Village" an hei solle esouwuel grouss Spillfilmer wéi och kleng méi lokal Produktiounen gedréint ginn.

An der Pandemie gouf Australien bei Filmproduzenten ëmmer méi beléift, dat och, well Land gréisstendeels gutt a just mat wéinegen Infektiounen doduerch koum.

Ënner anerem soll de Film "Ticket to Paradise" mam Julia Roberts an George Clooney um Kontinent gedréint ginn an och de Prequel vu "Mad Max" mam Titel "Furiosa" soll dat nächst Joer bei Sydney produzéiert ginn.