Kulturell Rendez-vouse fir d'Woch: Konscht zu Schëffleng, Fotografie an der Abtei Neimënster, Impf-Stoff zu Stengefort, Concerten zu Iechternach

Trifo Apéro: vum 18. Juni un

Nom grousse Succès d'lescht Joer, heescht et dann elo erëm  "Trifo Apéro" am Trifolion zu Iechternach. Iwwert de Summer ginn all Freiden vu 17:00 Auer u Concerten ugebueden. Den Optakt maachen d'Museker vun "The Teachers Band and Friends".  Den Owend bitt eng Mëschung vun Straight Ahead Jazz, iwwer Funk&Soul an bis hin zu Bossa Novca a Samba. Fir de Concert huet d'Band och e puer Iwwerraschungsgäscht agelueden - fréier Schüler an Dozenten aus der Jazz-Sektioun vun der Iechternacher Museksschoul.

RTL

© Sven Becker_Anna Katina_Nicole Müller_Philippe Hurlin

Um Piano: George Letellier
Bass & Kontrabass: Laurent Peckels
Gittar: Riaz Khabirpour
Batterie: Jérôme Klein

Fir den Event "Trifo Apéro" gëllt de CovidCheck.

Impf-Stoff zu Stengefort: den 19. Juni

D' a.s.b.l. AKTIKULTI huet wärend der Pandemiezäit en neie sozio-kulturelle Projet fir Kanner, Jugendlecher an Erwuessener op d'Bee gestallt. 
D'Konzept vum Projet "Impf-Stoff" gouf zesumme mat der Gemeng organiséiert. D'Resultat ass e Gemeinschaftsatelier an eng Bausse-Galerie am Park zu Stengefort. D'Iddi ass et d'Freed, d'Natur, d'Gemeinschaft, d'Hoffnung an den Aspekt vum selwer gestalten zum Ausdrock ze bréngen. D'Materialie si faarweg a recycléierbar, wéi zum Beispill Stoff oder Woll, an esou ass och den Titel Impf-Stoff entstanen.

RTL

Am Projet geet et drëm, datt d'Leit kënne Konschtobjeten aus Woll oder Stoff gestalten, fir herno un enger faarweger Ausstellung deelzehuelen. De sozialen Aspekt huet hei natierlech eng wichteg Roll gespillt. Sou ass et den Organisateure wichteg, datt jiddereen en Deel vum Ganzen ass an dozou gehéiert.

Ëm di 200 Lampionen, Dramfänkerten a vill aner Kreatioune si realiséiert ginn an dat op 28 verschiddene Statiounen zu Stengefort.

RTL

Vum 19. Juni kann een d'Resultater, vun de Leit, di matgemaach hunn, kucke goen. De Vernissage ass um 17:00 Auer am Park beim Kulturzentrum "Al Schmelz" zu Stengefort.

Broken Secrets Neimënster: bis den 11. Juli 

RTL

© George Selley

Véier jonk Fotografen (Georgs Avetisjans, Yuxin Jiang, George Selley, Negar Yaghmaian) weisen den Ament hir Wierker an enger Gruppenausstellung an der Abtei Neimënster. Mat "Broken Secrets" erfuersche si d'Manéier wéi Geheimnisser traitéiert ginn a wéi Geheimnisser eis d'Fräiheet kënnen huelen. D'Fotografen proposéieren eng ganz perséinlech Vue op d'Thema vun der Wourecht an der Ligen, ma awer och méi vaste Theme wéi Militär, Migratiounen an Ënnerdréckungen ginn ugeschnidden. Themen an deenen d'Realitéit opgedeckt gëtt fir d'Geheimnisser vum Alldag ze reveléieren.

D'Ausstellung "Broken Secrets" kann een nach bis den 11. Juli kucken goen.

"Borderline" vum Christian Neuman: bis den 10. Juli 

Am Schëfflenger Konschthaus weist de Christian Neuman seng Expo "Borderline". De Kënschtler lieft a schafft hei zu Lëtzebuerg an ass op d'Medien Fotografie, Film a Molerei spezialiséiert. Seng Aarbecht ass also facettëräich an och mol multidisziplinär. Dem Christian Neuman seng Wierker sinn abstrakt, hu vill Mouvement  a vill verschidde Couche Faarf. Mat senge Molereien creeéiert hien also och mental Espacen, wou ee sech an d'Déifte kann eraprojezéieren.

"D'Molerei representéiert e Gedankeprozess, deen net konform ass. Si inkarnéiert philosophesch a politesch Gedanken an eng radikal Ästhetik." (Christian Neuman)

RTL

Bis den 10. Juli ass d'Ausstellung "Borderline" am Schëfflenger Konschthaus fir de Public op.